Atert-Wark – déi nei DP-Sektioun am Norden
D’Gemeng Mäerzeg mam Buergermeeschter Mike Poiré huet sech dëtt Joer der Sektioun Réiden ugeschloss an dorausser ass d‘Fusiounssektioun Atert-Wark ginn. Bis 2020 war d’Gemeng Mäerzeg nach an der Sektioun Nordstad. Déi al Sektioun Réiden iwwerdeems huet zanter jeehier mat der Sektioun Rammerech zesumme geschafft; dofir stelle mer iech hei an engems d‘Rammerecher Sektioun an hire neie President vir.
Am Spotlight - Claire Sertznig
Dës Kéier am Spotlight: d’Claire Sertznig, déi nei DP-Conseillère am Maacher Gemengerot. D’Duechter vun hirem Virgänger René Sertznig huet vun doheem aus fréi Kontakt mat der Politik gehat. Dofir ass et kee Wonner, datt d’Claire sech fir d’éischt an der JDL an dono an der Gemengepolitik engagéiert huet.
FutureLab - Interview mam Corinne Cahen a Claude Lamberty
Mat der Rentrée lancéiert d‘DP eng wichteg intern Nouveautéit – de FutureLab. Wat hannert dem villverspriechenden Titel stécht, hu mir d'Corinne Cahen an de Claude Lamberty gefrot.
Interview mat der Familljeministesch Corinne Cahen
Et geet de Bewunner gréisstendeels gutt. Allerdéngs kréien ech all Dag vun eelere Mënsche gesot, se wéilten ni méi agespaart sinn. Ech kann dat ganz gutt verstoen. Mir wäerten dofir alles maachen, fir dass jidderee säi Liewe selbstbestëmmt liewe kann, och an den Alters- a Fleegeheemer.
Iddi vum Mount - Gratis Museksunterrecht
Genee wéi d’DP dat an hirem Walprogramm gefuerdert huet, wäerten d‘Kanner an déi Jugendlech vun engem landeswäite gratis Museksunterrecht profitéiere kënnen, an zwar vun der Rentrée 2022/2023 un.
Méi Renaturéierung an e bessere Warnsystem
D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.

PDF Versiounen