‚Stealthing‘ – muss d‘Definitioun vun der Vergewaltegung am Strofrecht nei ugepasst ginn?

Wann de Partner beim Geschlechtsverkéier d’Kondom ausdeet, ouni der Partnerin eppes dovun ze soen, da schwätzt ee vu ‚stealthing‘. Dëst ass net nëmmen e grousse Vertrauensbroch, mee kann och gesondheetlech Konsequenze fir béid Partner mat sech bréngen. Wéi gëtt dëse Phänomen hei zu Lëtzebuerg gehandhaabt? Wat ass an esou engem Fall am Strofgesetz virgesinn? Muss d’Strofgesetz adaptéiert ginn fir dës Praxis och ze consideréieren? Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Ministère nogefrot.

« Le ‘stealthing’ décrit l’acte de tromper, lors de rapports sexuels, volontairement sa ou son partenaire sur le port d’un préservatif. Il s’agit plus précisément d’un retrait dit « furtif » du préservatif. Cette pratique est connue depuis un moment et est désormais considérée courante.

Outre l’humiliation des victimes à travers l’abus de confiance par le retrait non-consenti du préservatif, le ‘stealthing’ entraîne un grand nombre d’autres risques non-négligeables, tels des grossesses non-désirées ou la transmission d’infections et maladies sexuellement transmissibles.

L’article 375 du Code pénal luxembourgeois considère comme viol, « tout acte de pénétration sexuelle, de quelque nature qu’il soit et par quelque moyen que ce soit, commis sur une personne qui n’y consent pas, notamment à l’aide de violences ou de menaces graves, par ruse ou artifice, ou en abusant d’une personne hors d’état de donner un consentement libre ou d’opposer la résistance. »

Le ‘Strafgesetzbuch’ allemand a été modifié en 2016 de façon à ce que l’application de violence, de force ou de menaces n’est plus un élément matériel de l’infraction du viol. En décembre 2020, le Danemark a également voté une modification de la loi qui reconnaît que la passivité d’une personne ne peut pas être considérée comme unconsentement. La dynamique en faveur d’un tel changement s’accélère dans d’autres pays qui s’apprêtent également à modifier leur législation.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Justice :

  • Combien de plaintes pour viol ou tentative de viol ont été déposées au Luxembourg les cinq dernières années ? Combien de condamnations pour viol ont été prononcées lors de la même période ?
  • Le phénomène du ‘stealthing’, existe-t-il aussi au Luxembourg ? Dans l’affirmative, dispose-t-on de statistiques à ce sujet ?
  • La définition du viol doit-elle être revue dans le but d’élargir les éléments constitutifs du viol à d’autres ingérences possibles à l’instar des exemples allemands et danois ? Ou alors, faudrait-il le cas échéant créer une nouvelle infraction pénale ? »

Äntwert

De Phänomen vum “Stealthing” ass der Police bekannt, besonnesch de spezialiséierte Enquêteure vun Police Judiciaire. De Phänomen ass net an der Policestatistik z’identifizéieren well eng spezifesch kriminell Qualifikatioun feelt. “Stealthing” kee legaalt Konzept a steet net am Strofgesetz. All Fäll vun net konsensuellem Sex, zënter der Legislaturreform vun 2011, falen ënner den Artikel 375 vum Code penal. D’Argumentatioun vun dësem Artikel kann op d’Praxis vu “Stealthing” erweidert ginn – d’Verstouss vu Vergewaltegung kann akzeptéiert ginn, wann de Beweis vun der krimineller Intentioun vum Täter kann erbruecht ginn. Et kéint bäigefüügt ginn datt wann den Täter wärend dem ongeschützte Verkéier eng Krankheet iwwerdroen huet, “stealthing” och kéint als Kierperverletzung oder och nach d’Verabreichung vun schiedleche Substanzen kéint falen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...