Reise

Wéi ass d’Reesverhale vun de Lëtzebuerger?

Et ass gewosst, datt d'Lëtzebuerger gäre reesen an e gudden Deel vu hirem järleche Revenu dofir ausginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister no Detailer iwwert d’Reesverhale vun de Lëtzebuerger gefrot.

„No 2 Joer Pandemie ass et erëm méi einfach ze reesen. Och d’Lëtzebuerger buchen zur Zäit erëm méi Reesen a ginn dofir och e gudden Deel vu hirem järleche Revenu aus.

An deem Kader wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  1. A wat fir eng Länner reesen d’Lëtzebuerger am dacksten a wéi laang halen si sech do am Duerchschnëtt op?
  2. Wéi ee Prozentsaz maachen d’Ausgabe fir d’Vakanz am Budget vun engem Stot hei zu Lëtzebuerg aus? Wéi héich ass dës Part am Budget jee no Akommeskategorie? Wéi huet sech dës Part zanter 2010 entwéckelt?
  3. A wat fir engem Mooss huet d’Pandemie d’Reesverhale vun de Lëtzebuerger verännert?

Äntwert

D’Quell fir dës Informatiounen ass d’Enquête zum Tourismus (Detailer zum Verlaf der Enquête ënnert dem Link : https://statistiques.public.lu/fr/enquetes/enquetes-particuliers/tourisme-conditions-vie.html ) a gi vum STATEC a folgendem Tableau vollstänneg publizéiert : https://statistiques.public.lu/dam-assets/fr/donnees-autres-formats/conditions-sociales/conditions-de-vie/C8300.xlsx

Déi zwee Tableauen hei drënner weisen déi heefegsten Zillänner fir Fräizäitreesen, also all Zorte vun Openthalt mat Iwwernuechtungen (Vakanzen, Besuch bei Famill a Frënn, Sportsreesen, asw.) mat Ausnam vu Geschäftsreesen. Geschäftsreese stellen insgesamt 9% vun de Reese mat Iwwernuechtungen duer.

Am Tableau hei drënner ginn d’Destinatioune fir Geschäftsreesen duergestallt. Déi 4 Haaptdestinatioune sinn déi selwecht wéi fir Fräizäitreesen. 2021 haten d’Geschäftsreesen eng duerchschnëttlech Dauer vu 5 Nuechten.

2)

D’Quell fir dës Informatiounen ass d’Enquête zum Budget vun den Stéit. (Enquête Budget des Ménages, Detailer zum Oflaf vun dëser Enquête : https://statistiques.public.lu/fr/enquetes/enquetes-particuliers/budget-menages-conditions-vie.html)

Dëser Enquête no haten d’Lëtzebuerger Stéit am Joer 2021 an de 12 Méint virun der Enquête an der Moyenne ongeféier 2.200 EUR fir Reesen ausginn. Dëse Montant enthält d‘Ausgabe fir Transport, Iwwernuechtungen, Zier a Fräizäitaktivitéiten am Zesummenhang mat Reesen zu Lëtzebuerg oder am Ausland. Bei dëser Berechnung ass et net méiglech tëschent Reese fir Fräizäit, Geschäftsreesen oder Besuch bei Famill oder Frënn z‘ennerscheeden. 2020 an 2019 hunn dës Ausgabe fir Reese ongeféier 4.200 EUR ausgemaach. D‘Zuele fir 2021 weisen also den Impakt vun de Restriktiounen am Kader vun der Covid-19 Pandemie.

Ausgedréckt als Prozentsaz vun de Stéit hire gesamten Ausgaben, hunn d’Ausgabe fir Reesen 2021 am Duerchschnëtt 4,3% duergestallt, awer 2019 an 2020 méi wéi 8%. Méi wuelhabend Stéit ginn am Duerchschnëtt e méi héijen Undeel vun hirem Budget fir Reesen aus wéi Stéit mat engem méi niddregem Akommes. 2020 hunn déi 10% räichste Stéit méi wéi 16% vun hirem Budget fir Reesen ausginn, am Verglach zu 4% fir déi 10% vun de Stéit mam niddregsten Akommes. Am Joer 2021 ass dësen Ecart méi kleng gewiescht (2,6% fir Stéit mat niddregem Akommes a 6% fir räich Stéit), och dëst ass mam Impakt vun der Covid-19 Pandemie verbonnen.

Zanter 2010 ass de generellen Trend dass Ausgabe fir Reesen éischter an d’Luucht ginn: si louchen 2010 am Duerchschnëtt bei 3.360 EUR pro Stot an 2015 bei iwwert 3.800 EUR.

3)

D’Unzuel vu Reese mat Iwwernuechtunge fir 2021 läit bei 76% vun der Unzuel vu Reese mat Iwwernuechtunge fir 2019 a bei 62% vun där fir 2020.

D’Pandemie huet déi 3 Typpe vu Reesen net d‘selwecht beaflosst. D‘Unzuel vun Iwwernuechtunge vum Joer 2021 am Verglach zu 2019 läit bei :

  • 35% fir Geschäftsreesen
  • 86% fir Fräizäitreesen do drënner:
    • 73% fir Vakanzen
    • 115% fir Besuch bei Famill a Frënn

D’Geschäftsreese sinn an der Pandemie also staark erofgaangen. D’Zuel vun de Geschäftsreese pro 100 Awunner déi schaffen ass am zweeten Trimester vum Joer 2020 staark gefall am Verglach zum zweeten Trimester 2019 (vu 57 op 5 Reese pro 100 Beschäftegter). E Réckgang gëtt et fir déi dräi Typpe vun Openthalter (Geschäftsrees, Vakanz, Besuch bei Famill oder Frënn), awer nëmme fir d‘Geschäftsreesen ass dëse Réckgang an den Trimesteren dono weiderhi festgestallt ginn. Am leschten Trimester 2021 war de Vir-Krisen Niveau nëmmen zur Hallschent erëm erreecht (18 Reese pro 100 Beschäftegter am Verglach zu 39 zwee Joer virdrun). Déi duerchschnëttlech Dauer vun de Geschäftsreesen ass 2020 an 2021 eropgaangen, vun 3,4 Iwwernuechtungen am Joer 2019 op 4,7 am Joer 2020 a 5 am Joer 2021.

Reese fir Besuch bei Famill a Frënn sinn nëmme wéineg vun der Covid-19 Krise beaflosst ginn. Et konnt nëmmen e liichte Réckgang am zweeten Trimester 2020 festgestallt ginn. Zanterhier ass d’Zuel vun esou Reesen um Niveau vum Joer 2019 bliwwen, an ass souguer zanter dem Summer 2021 iwwert deem Niveau.

Ofschléissend kann ee soen dass d’Vakanzenopenthalter grad ewéi d’Geschäftsreese vun der Covid-19 Krise schwéier getraff gi sinn. Och wann de Réckgang vun de Reesen an de Wochen nom Ufank vun der Pandemie immens grouss war, ass den Tourismus am Summer awer 2020 erëm ugelaf. Den Hierscht, de Wanter an d‘Fréijoer dono si vun de Mesure fir d’Pandemie ze bekämpfe weider beaflosst bliwwen. Et kann e soen datt d’Hallschent vum Tourismus net statt fonnt huet. Zanter dem Summer 2021 gëtt awer erëm bal sou vill gereest wéi virun der Covid-19 Pandemie.

Quell : Statec

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...