Atert Natur Ëmwelt Baach Floss

Wéi een Impakt hunn d’Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Sir ?

Den Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi een Impakt d’Präsenz vu Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Syr huet. Wéi kann d’Syr besser geschützt ginn, a wat sinn d’Alternativen ?

Bei der Sir zu Menster gi Waasserbüffelen agesat fir d’Biodiversitéit ze stäerken. Et ass an der Vergaangenheet dozou komm, dass dës Waasserbüffele sech awer och am Waasser gewäsch an ofgekillt hunn.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi een Afloss huet d’Präsenz vu Waasserbüffelen an a ronderëm d’Sir op d’Waasserqualitéit ?
  • Wéi eng Mesurë goufe geholl, respektiv wäerte geholl gi, fir d’Waasserqualitéit vun der Sir an dësem Fall ze schützen ?
  • Wéi ee Bilan zitt d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun der Präsenz vu Waasserbüffele laanscht d’Sir ?
  • Ginn et Alternativen zum Asaz vu Waasserbüffelen ? Wa jo, wat ass den Impakt vun dësen Alternativen op d’Ëmwelt am Verglach zu Waasserbüffelen ?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...