Wéi steet et ëm de Site vun der fréierer “Petite Marquise”?

Am leschten Iechternacher Gemengerot an och an engem rezente Presseartikel war d’Kritik um Kulturministère vu Säite vum Buergermeeschter a sengem éischte Schäffe grouss. An deem Kader huet eis Deputéiert Carole Hartmann e puer Froen un d’Kulturministesch gestalt.

No den historeschen archeologeschen Entdeckungen déi zu Iechternach bei der fréierer „Petite Marquise“ gemaach goufen, huet d‘Madamm Kulturministesch an engem Bréif vum 30. Abrëll 2021 proposéiert dëse Site als Monument national ze klasséieren.

Souwuel am Iechternacher Gemengerot vum 8. November 2021, wéi an engem Presseartikel vum 22. November 2021, hunn de Buergermeeschter an éischte Schäffe vun der Stad Iechternach sech doriwwer geiergert, dass di archeologesch Aarbechten um Site ëmmer nach net ofgeschloss sinn an dass d’Stad Iechternach vum Kulturministère géing higehale ginn. Et léichen dem Schäfferot och nach keng Rapporte vun den Archeologen an Experte vir. Déi verluere Méint géifen d’Stad Iechternach a senger Entwécklung bremsen an hätte fir d’Gemeng och en immens héije Käschtepunkt.

An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Wéi wäit ass d’Prozedur vum Klassement vum Site vun der fréierer „Petite Marquise“ fortgeschratt? Sinn entretemps d’Avis’en vun der Commission des Sites et Monuments (COSIMO) an der Stad Iechternach erakomm? Wat sinn déi nächst Schratt an dëser Prozedur? Wéini ass mat enger definitiver Decisioun a punkto Klassement ze rechnen?
  2. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Aarbechte vun den Archeologen déi um Site schaffen nach net ofgeschloss sinn? Falls jo, wat ass de Grond dofir? Wéi laang wäerten di archeologesch Aarbechten nach daueren?
  3. Kann, esou laang wéi keng Decisioun a punkto Klassement vum Site virleit an di archeologesch Aarbechten nach lafen, keng Initiativ vun der Stad Iechternach geholl gi fir en zukünftege Projet auszeschaffen? Ass de Kulturministère respektiv d‘COSIMO an d’Kontakter vun der Stad Iechternach mat engem éisträichesche Planungsbüro agebonne ginn?
  4. Ass et richteg, dass den Iechternacher Schäfferot bis ewell keng Rapporte vun den Archeologen an Experte kritt huet? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  5. Weess d‘Madamm Kulturministesch souwuel vun den héijen Zommen déi d’Stad Iechternach all Mount muss opbrénge soulaang wéi keng Appartement‘en op dësem Site fäerdeggestallt sinn, wéi vun den Entschiedegungen déi un eenzel Firme musse bezuelt ginn, well den initiale Projet net ka realiséiert ginn? Kann de Kulturministère d’Stad Iechternach op dëse Punkten ënnerstëtzen?
  6. Ass d’Madamm Kulturministesch gewëllt, fir der Stad Iechternach bei der Entwécklung an der Realisatioun vun engem neie Projet „Petite Marquise“ ze hëllefen? Wa jo, mat wéi engen Hëllefen, administrativer a finanzieller Natur, kann de Kulturministère der Stad Iechternach, souwuel wärend der Klassementsprozedur wéi och duerno, ënner d’Äerm gräifen?“

Äntwert

Am Kader vun der Klassementsprozedur déi di archeologesch Vestigen um Site vun der „Petite Marquise“ betrëfft, gouf de Gemengerot vun der Stad Iechternach ëm eng Stellungnam gefrot. Den Delai fir dësen Avis ofzeginn, deen normalerweis dräi Méint ass, gouf ob Demande vun der Iechternacher Gemeng schonn zwee mol verlängert.

D’Gesetz vun 1983 gesäit fir, datt, nodeems d’Gemeng sech zu engem méigleche Klassement geäussert huet, de Staatsrot mam Dossier saiséiert gëtt a säin Avis muss ofgewaart ginn. Duerno réischt kann de Regierungsrot eng definitiv Entscheedung punkto Klassement huelen.

Den Avis vun der Denkmalschutzkommissioun (COSIMO) läit fir a gouf der Stad Iechternach, zesumme mat zwee Rapports d’expertise matgedeelt. Dozou sief ze bemierken, datt d’Persoun déi beim CNRA responsabel fir d’Fouillen ass, eng Visite guidée vum Site mam Iechternacher Schäfferot am Dezember geplangt huet, an och scho Visitte fir interesséiert Matbierger organiséiert huet.

D’Gemeng Iechternach gouf schrëftlech informéiert, datt d’Ausgruewungen am Beräich vun der „curtis“ viraussiichtlech Enn Januar wäerten ofgeschloss sinn, an datt am Beräich vun der „basse-cour“ (der deemoleger Petite Marquise) nach muss gegruewe ginn. D’Vitesse vun de Fouillen hänkt zum Deel vun de Wiederkonditiounen of, an zum Deel dovunner wéi accessibel den Terrain fir d’Archeolog/innen ass. Am Moment gëtt dëse Beräich nämlech nach vun anere Chantieren a Baustellenariichtunge genotzt an ass domadder net zougänglech.

D’Stad Iechternach kann d‘Initiativ ergräife fir e Projet op dem Site auszeschaffen. Dëse Projet muss allerdéngs, wann et zu enger Protektioun kënnt, vum Kulturministère autoriséiert ginn. Vu datt déi archeologesch Fouillen awer nach net ofgeschloss sinn, ass et am Moment sécherlech schwéier e konkrete Projet auszeschaffen. Eis Fachleit vum CNRA a SSMN stinn an enkem Kontakt mat der Gemeng an och mam Planungsbüro.

De Kulturministère ass gewëllt der Gemeng Iechternach finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen sollte si sech dozou entscheeden an de Site z’investéiere mam Zill d’Vestigen ze valoriséieren an dem Publikum accessibel ze maachen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?

D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

weiderliesen...

Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

weiderliesen...