Wéi vill Prosumer vun erneierbaren Energië gëtt et am Land?

Mam Gesetz vum Februar 2021 soll de Prosumer-Modell gefërdert an d'Schafe vun Energie-Gemeinschafte méiglech gemaach ginn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi vill Stéit bis ewell dovunner Gebrauch maachen.

„Mam Gesetz vum 3. Februar 2021, dat d’Gesetz vun 2007 iwwer den Energiemarché modifizéiert, ass d’Autoconsommatioun vun den erneierbaren Energien, déi ee selwer produzéiert, vereinfacht ginn. Donieft ass och d’Méiglechkeet, eng energetesch Gemeinschaft ze grënnen, geschaf ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Stéit hunn an de leschte fënnef Joer (2021 ageschloss), pro Joer, iwwer eng Photovoltaikanlag selwer Stroum produzéiert?
  • Wéi vill vun deene Stéit hunn de produzéierte Stroum selwer consomméiert?
  • Wéi vill energetesch Gemeinschafte sinn zënter dem Akraafttriede vum genannte Gesetz gegrënnt ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...