• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Goufen nach keng Subside fir Wäermepompelen ausbezuelt?
Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass bis nach keng Subventioun fir eng Wäermepompel vum Ministère ausbezuelt gouf, well et sou gutt wéi keng Wäermepompel um Marché gëtt, déi déi festgeluechte Kaméidisgrenzwäerter anhält. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob dat sou ass an no wéi enge Krittären déi Grenzwäerter definéiert goufen.
weiderliesen...
Wou sinn d'Aarbechten un der Vëlospist PC35 drun?
D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi wollte vum zoustännege Minister wëssen, wou d'Aarbechten un der nationaler Vëlospist PC35 dru sinn.
weiderliesen...
Soll d'Ënnerféierung vum PN7 wéi geplangt ëmgesat ginn?
No méi wéi 10 Joer, wou d'Gleiser um Niveau vum PN7 tëscht Leideleng a Märel zou sinn, sollen d'Aarbechte fir eng Ënnerféierung deemnächst ufänken. Well dës awer fir den Autosverkéier gespaart soll sinn, wollten d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wëssen, ob déi Ausgaben nach gerechtfäerdegt wieren.
weiderliesen...
Soll Cattenom ausgebaut ginn?
Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d'Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z'encouragéiere Cattenom zouzemaachen.
weiderliesen...
Nach ëmmer Problemer mam Mobibus?
Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass et nach ëmmer Problemer mam Mobibus gëtt, dat nodeems si schonns am September dem zoustännege Minister eng Fro zum Thema gestallt haten.
weiderliesen...
Wéi sollen d'Prozedure beim Ausbau vun den erneierbaren Energië beschleunegt ginn?
Wéi wëll d'Regierung d'Prozeduren am Kader vum Ausbau vun den erneierbaren Energië beschleunegen? D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn nogefrot.
weiderliesen...
Unerkennung vum "Notfallsanitäter" fir géint de Personalmangel am Gesondheetswiese virzegoen?
Virum Hannergrond vum Personalmangel an de Gesondheetsberuffer, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann nogefrot, ob et net eng Iddi wier déi däitsch Qualifikatioun vum "Notfallsanitäter" zu Lëtzebuerg unzëerkennen, wouduerch méi Leit aus dem Grenzgebitt a Fro géife komme fir agestallt ze ginn. Donieft wollte si wësse wou d'Aarbechten um SAP3 dru wieren.
weiderliesen...
Sinn d'Kontrolle vun der EDF vu Cattenom credibel?
Déi franséisch Agence fir nuklear Sécherheet ASN huet rezent festgestallt, dass d'Kontrolle vun EDF vun den Ersatzdeeler fir d'Atomkraaftwierk zu Cattenom net grëndlech genuch waren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob elo net och aner Kontrolle vun EDF widderholl misste ginn.
weiderliesen...
Wat gëtt géint d'Kaméidibelästegung duerch de Findel ënnerholl?
Zënter dass an der Pandemie d'Startprozedur fir Fligeren, déi a Richtung Süde fléien, geännert gouf, sinn d'Uertschaften ëstlech vum Findel enger méi staarker Kaméidisbelästegung ausgesat. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hunn nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.
weiderliesen...
Erausfuerderungen zesumme meeschteren
A senger Tribune Libre um Radio huet eisen Deputéierten an nächste Budgetsrapporter Max Hahn dës Woch iwwert den historesche Gesetzprojet zum Staatsbudget 2023 geschwat.
weiderliesen...
Manner Primär-Holz fir d'Energieproduktioun: Wat sinn d'Auswierkungen op d'Pelletsproduktioun?
Laut enger Decisioun vum EU-Parlament, soll den Undeel u Primär-Holz, dee fir d'Energieproduktioun genotzt gëtt, lues a lues erofgoen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat den Impakt op d'Produktioun an de Präis vun Holzpellets wäert sinn.
weiderliesen...
Net genuch Bauschuttdeponien – an elo ?
D’Problematik vum Manktem u Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg ass zënter laangem bekannt. D’Konsequenze si laang Weeër fir d’Camioen, eng vergréissert Belaaschtung fir d’Ëmwelt, a méi Käschte fir d’Endclienten. Gëtt et Pläng fir d’Zukunft a wéi wëll een der Situatioun Meeschter ginn. Eisen Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Problemer beim Mobibus
Vu dass et anscheinend Problemer beim Mobibus, dem Transport vu Persoune mat enger Behënnerung, gëtt, huet den DP-Deputéierte Max Hahn nogefrot, wéi de Minister d'Situatioun verbessere wëll.
weiderliesen...
Wou sinn d'Aarbechten um "Plan de délestage" fir de Fall vun enger Gas-Coupure drun?
Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou d'Aarbechten um "Plan de délestage", deen definéiere soll wéi eng Acteuren am Fall vun enger Coupure vum Gas hir Aktivitéit wéi vill an a wéi enger Reiefolleg reduzéiere mussen, dru sinn a bis wéini se ofgeschloss solle sinn.
weiderliesen...
Wéi geet et mat der informatescher Plattform fir den nationalen Energieverbrauch virun?
A Frankräich gëtt et eng informatesch Plattform déi déi aktuell Consomatioun um Stroumsreseau uweist, fir dass d'Leit hire Verbrauch deem upasse kënnen. Zu Lëtzebuerg gesäit d'Gesetz d'Schafe vun enger „plateforme informatique nationale de données énergétiques“ vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi d'Aarbechten un där Plattform dru sinn a wéi se soll ausgesinn.
weiderliesen...
Eng Remise fir Leit déi nieft Wandanlage wunnen?
An Irland kréie Leit an nieft Wandanlage wunnen eng Entschiedegung, a Frankräich ass en änleche System geplangt. Op déi Manéier soll de Widderstand géint sou Projeten ze reduzéieren an den Ausbau vun den erneierbaren Energië virunzedreiwen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob sou e Modell net och zu Lëtzebuerg eng Iddi wier.
weiderliesen...
Grouss Offshore-Wandparken viru Grönland fir den europäesche Energieverbrauch ze decken?
Etüdë vun der Uni Léck no kéinte grouss Offshore-Wandparke viru Grönland e groussen Deel vum europäeschen Energieverbrauch decken. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob et scho konkret Projete gëtt an ob Lëtzebuerg wëlles huet doran z'investéieren.
weiderliesen...
Hëlleft den zypriotesche Gas méi onofhängeg vu Russland ze ginn?
Rezent si weider Gasreserve virun der zypriotescher Küst fonnt ginn. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wollte vum zoustännege Minister wëssen, ob dës Reserven dozou bäidroe kéinte méi onofhängeg vu russeschen Importer ze ginn.
weiderliesen...
Wéi vill ginn d’Noutfall Bornen op den Autobunne genotzt?
D’Noutfall Telefonen erlaben engem am Fall vun engem Accident op der Autobunn mat de néidege Servicer a Kontrakt ze trieden an Hëllef unzefroen. Haut des Daags gräifen awer ëmmer méi Leit op hiren eegenen Handy zeréck. Wéi vill ginn dës Bornen nach genotzt, a wat kascht hiren Ënnerhalt. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Consommatioun a Verdeelung vum Gas am Kontext vum Ukrainkrich
Wéi vill Gas hunn di eenzel Kategorie vu Verbraucher zu Lëtzebuerg iwwert di lescht Jore verbraucht? A wéi gedenkt den Här Energieminister de Gas am Fall vun engem Enkpass ze verdeelen? Eis Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hunn déi Froen un den Energieminister gestallt.
weiderliesen...
Wéi eng Schlussfolgerunge vum leschte Biodiversitéitsrapport vun der IPBES fir Lëtzebuerg?
De leschte Rapport vun der IPBES huet gewisen, wéi staark d'Mënschheet vu wëllen Déieren a Planzen ofhängeg ass. Virun der COP15 am Kanada iwwer d'Biodiversitéit hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn nogefrot, wéi eng Konklusiounen d'Regierung aus deem Rapport fir Lëtzebuerg zitt.
weiderliesen...
Nationalkongress 2022
Um éischten Nationalkongress en présentiel nom Ufank vun der Covid-Pandemie huet eis Partei eng nei Féierung gewielt.
weiderliesen...
Ass et méiglech, Mini-Wandanlagen bei sech doheem opzeriichten?
Nieft PV-Anlage si kleng Wandturbinen eng gutt Méiglechkeet, doheem säin eegene Stroum ze produzéieren. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, ob dëst erlaabt ass an ob de Staat och Subsiden fir méi kleng Wandanlage gëtt.
weiderliesen...
Wéi soll den Ausbau vun der Wandenergie beschleunegt ginn?
D'Regierung hat am leschten Hierscht ugekënnegt, d'Prozeduren ze vereinfache fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien, a speziell de Wandanlagen, ze beschleunegen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, wéi dëst geschéie soll.
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vun der Hëtzt op Transportinfrastrukturen?
Wéinst der Hëtzt dëse Summer konnten ënner anerem an England op verschiddene Strecken zäitweileg keng Zich méi fueren, well d’Gleisen sech verformt haten. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn nogefrot, ob dat och schonn zu Lëtzebuerg de Fall war a wat ënnerholl gëtt fir dëst z'evitéieren.
weiderliesen...
Wat ass de provisoresche Bilan vun de sektorielle Klimaziler fir 2021?
D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat de provisoresche Bilan vun de sektorielle Klimaziler fir 2021 ass.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zu de Pläng vun der Kommissioun a puncto Biomass?
D'EU wëll bis 2050 20% vun de landwirtschaftleche Fläche fir Biomass notzen an d'Importatioun vun Holz fir Energie ze produzéieren vervéierfachen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung zu deene Pläng steet.
weiderliesen...
Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?
D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege...
weiderliesen...
Wéi oft ginn déi verschidde speziell Congéen hei am Land genotzt?
Zu Lëtzebuerg hunn d’Salariéen ee Recht op eng ganz Panoplie u Congéen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn wollte vum Aarbechtsminister wëssen, fir wéi vill Deeg dës verschidde Congéen am Duerchschnëtt an de leschte fënnef Joer gefrot goufen an ob Fraen a Männer d’Congéen ënnerschiddlech ufroen.
weiderliesen...
Wéi soll déi annoncéiert Taxi-Plattform vum Ministère ausgesinn?
De Mobilitéitsminister huet viru kuerzem d’Schafe vun enger Plattform annoncéiert, déi änlech wéi Uber soll fonctionéieren. Den DP-deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi dës Plattform soll ausgesinn a wéini se operationell soll sinn.
weiderliesen...
Wéi sécher ass d’Schwammen an oppene Gewässer zu Lëtzebuerg?
Mam Summer kommen déi waarm Temperaturen, a mat hinnen d’Ausflich op d’Séien. Leider kommen och mat all Saison ëmmer erëm Nouvellen vun Accidenter an a ronderëm d’Waasser. Wéi sécher sinn d’Séien hei zu Lëtzebuerg fir d’Gäescht? Wéi gesäit et aus mat der Unzuel u Schwammmeeschteren am Land? Wéi ginn d’Mënschen an a ronderëm eis Gewässer geschützt? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den...
weiderliesen...
Wéini sinn d'Usträichaarbechten un der Rouder Bréck fäerdeg?
D'Usträichaarbechten un der Rouder Bréck sollten u sech d'lescht Joer am Fréijoer fäerdeg sinn, dat nodeems se schonn eng Kéier ënnerbrach gi waren, well d'Firma faillite gemaach hat. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.
weiderliesen...
Wéini sollen d'Streckeradaren an den Tunnelen op der A7 installéiert ginn?
Nodeems de Mobilitéitsminister op enger Pressekonferenz annoncéiert hat, dass op der A7 an allen Tunnele Streckeradare sollen installéiert ginn, wollt den DP-Deputéierte Max Hahn wëssen, fir wéini dëst soll geschéien a wat de Käschtepunkt dovu wäert sinn.
weiderliesen...
Sollt den Asaz vu medezineschem Cannabis erweidert ginn?
Zanter 2018 ass den Asaz vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt an hëlleft ënnert anerem Patienten mat chronescher Péng. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn déi zoustänneg Ministere gefrot, ob medezinesche Cannabis och bei der Behandlung vu weidere Krankheeten agesat sollt ginn, an ob an Zukunft och an Apdikten ausserhalb vum Spidol medezinesche Cannabis verkaaft kéint ginn.
weiderliesen...
Handysradaren och zu Lëtzebuerg?
Zu Tréier an zu Mainz huet d'Police e Pilotprojet vun engem mobillen Handysradar lancéiert. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dëse Radar net och zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.
weiderliesen...
Genuch Personal fir d'Ambulanzen zu Ettelbréck?
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn goufen dorops opmierksam gemaach, datt et zu Ettelbréck de Moment Schwieregkeete gëtt fir d'Ambulanze mat genuch Personal ze besëtzen. An dem Kontext, hunn béid Politiker ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot wéi et mat der Disponibilitéit vu Benevoller ausgesäit.
weiderliesen...
Asaz vun Assistenten fir deelweis automatiséiert Fueren op eise Stroossen?
An Däitschland krut rezent e Autosconstructeur d'Erlabnis, säi System vum automatiséierte Fueren am Stroosseverkéier ënner spezifesche Bedéngungen anzesetzen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, ob dëse System och zu Lëtzebuerg erlaabt wier, a wéi d'Regierung mat dësen technologeschen Entwécklungen ëmgoe wëll.
weiderliesen...
Wéi hunn d'Passagéierzuelen am ëffentlechen Transport wärend dem leschte Joer evoluéiert?
Wéi eng Auswierkung huet déi aktuell Präisdeierecht op d'Passagéierzuel beim ëffentlechen Transport? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Wéi eng Mesurë fir d'Iwwerlaaschtung vum Tram zu de Spëtzenzäiten ze reduzéieren?
Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass den Tram zu de Stousszäite komplett iwwerfëllt wier. An deem Kader wollt hie wëssen, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Wéi entwéckelt sech d'Populatioun vun de Wäschbieren zu Lëtzebuerg?
De Wäschbier ass eng invasiv Spezies, déi sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi ze verbreede schéngt. Ëmmer nees géif et zu Kontakter mat Mënsche kommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, wéi d'Populatioun sech entwéckelt huet an ob d'Mesurë fir d'Populatioun ze reguléieren och gräifen.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zur geplangter geologescher Endlagerung vun Atommüll an der Belsch?
An der Belsch geet d'Diskussioun ëm d'Endlagerung vun Atommüll an eng nei Phase. De geologesche Stockage schéngt beschlosse Saach ze sinn. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung ass a wéi si an dee Decisiounsprozess agebonn ass.
weiderliesen...
Ginn am Spidol um Kierchbierg Patienten an der Urgence refuséiert?
Den DP-Deputéierten Max Hahn a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Spidol um Kierchbierg, wärend der „klenger Garde“, deelweis Patiente refuséiert, déi mat der Ambulanz an d’Urgence bruecht goufen. An enger parlamentarescher Fro wollte si dowéinst vun den zoustännege Ministere wëssen, ob dat stëmmt a wa jo, wat ënnerholl gëtt fir esou Fäll ze verhënneren.
weiderliesen...
Wéi geet et mam P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare virun?
Et ass den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL wéinst der Präisexplosioun ë.a. vum Material virleefeg gestoppt gi wier, an nei geplangt soll ginn. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister weider Detailler gefrot.
weiderliesen...
Wou sinn d'Projeten vun zwou bidirektionale Busspueren drun?
De Mobilitéitsministère hat ugekënnegt, op zwou Plazen am Land eng bidirektional Busspuer ze schafen, op där de Bus moies an déi eng an owes an déi aner Richtung fuere kann. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou déi zwee Projeten drun sinn.
weiderliesen...
Wéi vill Fäll, wou d'Leit hiren Offall einfach an der Natur entsuergen, goufen et an de leschte Joren?
Ëmmer nees gesäit ee Plazen an der Natur, wou Leit hire Knascht entsuergt hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn nogefrot, wéi vill där Fäll et an de leschte Jore gouf.
weiderliesen...
Firwat profitéieren nëmme wéineg Leit vum Wunngeld?
Nëmme 16% vun den eligibele Stéit froen d'Wunngeld (Subvention loyer) och tatsächlech un. Firwat ass dat sou? Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Bauterrainen verloune fir temporär Wunnengen drop ze stellen? Wat gëtt gemaach, wat ass geplangt fir sou Modeller ze fërderen?
Duerch modular Konstruktiounen op gelountem Bauterrain kéinte séier zousätzlech Wunnenge geschaf ginn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi dëse Modell aktuell ëmgesat gëtt a wéi en nach weider gefërdert kéint ginn.
weiderliesen...
Wéi vill Bauterraine leien am Perimeter, déi direkt bebaut kënne ginn?
Zu Lëtzebuerg ginn et eng 5018 Hektar onbebauten Terrain innerhalb vum Perimeter, dovun 3750 Hektar an enger Zone d'habitation oder enger Zone mixte. Wéi vill vun dësen Terrainen kéinten direkt bebaut ginn? A fir wéi vill misst fir d'éischt e PAP gestëmmt ginn? Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Musel duerch d'Atomzentral zu Cattenom?
Wéi et schéngt, ass et zu enger Verknaschtung vun der Musel op der Héicht vu Cattenom komm. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, fir weider Detailer ze kréien.
weiderliesen...
Wéi vill Leit hunn zu Lëtzebuerg hire Numm geännert ?
Duerch d‘Gesetz vum Dezember 2020 ass et mëttlerweil méi einfach säi Numm oder Nonumm ze änneren. Wéi vill Leit hunn 2021 hire Numm geännert a wat si generell d’Motiver vun den Demanden. Eis Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hu nogefrot.
weiderliesen...
Wéi si Schéissstänn zu Lëtzebuerg reglementéiert?
Wien dierf zu Lëtzebuerg op de Schéissstand goen? Wat fir Coursen ginn de Betriiber ma och dem Eenzelen ugebueden? Wéi eng Kontrolle gi gemaach? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu sech beim zoustännege Minister renseignéiert.
weiderliesen...
Wéi héich ass d'Bedeelegung um Fréierkennungsprogramm "Bilan 30"?
De Service audiophonologique offréiert eng Fréierkennung vu Sproochendefiziter bei Kanner am Alter vun 30 Méint. D’DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch Froen zu der Bedeelegung gestallt, wéi och zu den aktuelle Problemer ee Rendez-vous ze kréien.
weiderliesen...
Wéi vill Subside fir den Héichwaasserschutz si schonn ausbezuelt ginn?
Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.
weiderliesen...
Wéi vill Leit profitéieren vun der « allocation communale de solidarité » ?
Den Deputéierten Max Hahn huet sech bei der Inneministesch e.a. iwwer d'Berechnung vun der sozialer Bäihëllef informéiert.
weiderliesen...
Wou ass de Groupe de Support Psychologique am Asaz ?
Als Deel vum CGDIS kënnt de Groupe de Support Psychologique bei Accidenter, Katastrophen oder aneren Tëschefäll an den Asaz. Wou sinn déi fräiwëlleg Ekippe rezent agesat ginn, wéi steet et em hiren Effectif an huet d’Corona Kris d’Situatioun am Land och fir si verschäerft. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
De Luuchtepotto als Luedstatioun fir Elektroautoen?
Ënner anerem an Dortmund gëtt un engem System geschafft, bei deem en den Elektroauto un der Stroosseluucht opluede kann. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dat keng Iddi wier, fir och zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.
weiderliesen...
Wéi vill Vandalismus gëtt et zu Lëtzebuerg, a wat ass de Käschtepunkt?
Duerch muttwëlleg Beschiedegung entstinn oft onnéideg Käschten, an et musse Sue benotzt ginn déi och fir positiv Zwecker hätte kënnen agesat ginn. Och zu Lëtzebuerg si mir viru Vandalismus net gefreit – mee wou kënnt en am meeschte vir, a wat fir Käschten bréngt e mat sech. Eis Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospisten, besonnesch am Wanter?
Blieder, Bulli oder soss Knascht op de Vëlospisten stelle grad am Wanter e Sécherheetsrisiko fir Vëlosfuerer duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, wéi et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospiste steet.
weiderliesen...
Wat sinn d'Grënn fir d'Heefung vun den technesche Problemer beim Tram?
Wéi et schéngt, hu sech d'technesch Problemer beim Tram an der Lescht geheeft. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn dowéinst beim Minister nogefrot fir weider Informatiounen ze kréien.
weiderliesen...
Wéi vill Prosumer vun erneierbaren Energië gëtt et am Land?
Mam Gesetz vum Februar 2021 soll de Prosumer-Modell gefërdert an d'Schafe vun Energie-Gemeinschafte méiglech gemaach ginn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi vill Stéit bis ewell dovunner Gebrauch maachen.
weiderliesen...
Firwat dëst Joer keng Sensibiliséierungscampagne "Gitt siichtbar"?
An der däischterer Joreszäit ass et wichteg, dass Foussgänger a Vëlosfuerer gutt ze gesi sinn, fir de Risiko vun engem Accident ze reduzéieren. Déi lescht Jore gouf dowéinst eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn organiséiert. Well déi dëst Joer awer wéi et schéngt ausfält, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de geplangeten "Observatoire de la mobilité"?
De Koalitiounsaccord gesäit d'Schafe vun engem "Observatoire de la mobilité" vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou dee Projet drun ass.
weiderliesen...
Nei Mesure fir bezuelbare Wunnraum
A senger Tribune Libre um Radio huet de Max Hahn dës Woch iwwert déi zousätzlech Mesure vun der Regierung géint de Mangel u bezuelbarem Wunnraum geschwat.
weiderliesen...
Aktuell Rechter vum Bannhidder
De Bannhidder ass nierft dem Agent Municipal ënnert anerem dofir zoustänneg fir d'Anhale vun de jeeweilege Policereglementer an de Gemengen ze kontrolléieren. D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustänneg Ministeren déi aktuell Rechter vun de Bannhidder nogefrot.
weiderliesen...
Wäert den E-Kommissariat vun der Police ausgebaut ginn?
Den E-Kommissariat vun der Police gëtt et elo zanter dem 27. Juli 2018. Dee Portail huet net nëmmen de Virdeel, datt méi Polizisten um Terrain kënne sinn, mee och datt d’Leit sech net méi mussen deplacéieren, fir Plainten oder bestëmmten Deklaratiounen ze maachen. An deem Kader hunn eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn den zoustännege Minister gebieden en éischte Bilan ze zéien.
weiderliesen...
E "Reparatur-Bonus" fir d'Kreeslafwirtschaft ze fërderen?
Mat enger Primm wëll den Ëmweltministère an Thüringen d'Leit encouragéieren, hir elektresch Apparater flécken ze loossen amplaz se wechzegeheien. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, ob dat net eng Pist wier, d'Kreeslafwirtschaft och hei zu Lëtzebuerg méi staark ze fërderen.
weiderliesen...
A wéi engem Mooss droen déi archeologesch Evaluatiounen zu de laange Prozedure bei Logementsprojete bäi?
Ëmmer nees héiert een, dass déi obligatoresch archeologesch Evaluatioun vill Zäit kascht an zu de laange Prozeduren, wann ee baue wëll, bäidréit. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, ob dat sou ass a wa jo, wat dogéint ënnerholl ka ginn.
weiderliesen...
Pacte Logement 2.0
Gutt 13 Joer nom éischte Pacte Logement, huet d’Chamber viru Kuerzem de Pacte Logement 2.0 gestëmmt.
weiderliesen...
Wechmaache vun engem Eisebunnstunnel zu Rëmeleng: Wat ass den Impakt op d'Natur?
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.
weiderliesen...
Fluoreszent Markéierungen op den Autobunne fir eng besser Verkéierssécherheet?
An Holland ass virun e puer Joer e Pilotprojet gestart ginn, bei deem d'Markéierungen op der Autobunn mat Faarf, déi liicht, opgedroe goufe fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren. Wat ass d'Konklusioun vun deem Projet? Wier dëst och eng Iddi fir zu Lëtzebuerg ëmzesetzen? D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Photovoltaik-Anlagen laanscht d'Autobunnen?
De Koalitiounsaccord gesäit vir, dass eidel Flächen laanscht d'Autobunnen an Zuchgleiser genotzt kéinte ginn, fir PV-Anlagen opzeriichten. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi eng konkret Projeten et an deem Beräich bis ewell gëtt.
weiderliesen...
Gleiseradare fir méi Sécherheet bei den Zuchbarrièren?
Wiere Gleiseradaren eng Iddi fir sou Accidenter wéi deen, dee rezent bei der Barrière zu Bartreng geschitt ass z'evitéieren? An Däitschland ginn et schonn op verschiddene Plazen sou Apparater, déi den Zuch warnen, wann eppes op de Schinnen steet. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot a wollt iwwerdeems wëssen, wéi d'CFL mat dem Ersetze vu Barrièren duerch Ënnerféierunge...
weiderliesen...
Obligatoresch Defibrillatoren an ëffentleche Gebaier?
Defibrillatoren an éischt Hëllef Geste kënne Liewe retten, dat huet de rezente Fall vum dänesche Fussballspiller Christian Eriksen op en Neits gewisen. Well et a sou Situatiounen drop ukënnt, dass net nëmmen de Public genuch sensibiliséiert ass an déi richteg Geste kennt, mee et och genuch Defibrillatoren am ëffentleche Raum gëtt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann, Claude Lamberty a Max Hahn bei...
weiderliesen...
Kënnt et zu Retarde bei der Ausliwwerung vun den neien Zich fir d'CFL?
D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot ob et wéinst der Pandemie zu Retarde bei Liwwerung vun den neien Zich fir d'CFL kënnt, déi 2018 bestallt gi waren.
weiderliesen...
Captage a Stockage vun CO2-Emissiounen an der Industrie?
En neit EU-Reglement erlaabt et Memberstaaten "Carbon Capture, Usage and Storage" - Technologien zouzeloosse fir hir Klimaziler ze erreechen, virun allem bei industrielle Prozesser, wou Emissioune schwéier evitéiert kënne ginn. Konkret bedeit dat, dass Betriber hir Emissioune kënnen afänken an z.B. geologesch stockéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat d'Positioun vu Lëtzebuerg...
weiderliesen...
Wéi lafen d'Negociatiounen en vue vun der COP26?
Als Preparatioun vun der COP26 Enn dës Joers zu Glasgow lafen aktuell Verhandlungen op internationalem Niveau fir e méiglechen Accord virzebereeden. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wollten an deem Kader vun der zoustänneger Ministesch weider Informatioune kréien iwwer den Inhalt an de Progrès vun dësen Negociatiounen.
weiderliesen...
Autorisatioun vu Gigaliner zu Lëtzebuerg fir manner CO2-Ausstouss am Transportsecteur?
Dem Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster no wiere Camione vu 25 Meter eng Méiglechkeet, d'Emissioune vum Secteur erofzesetzen. Allgemeng géif den Transportsecteur awer riskéieren, d'Klimaziler ze verfeelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Gigaliner an Zukunft zu Lëtzebuerg erlaabt kéinte ginn a wéi eng Iwwerleeungen et ginn, fir dem Secteur...
weiderliesen...
Fir en internationale Verbued vum Geo-engineering?
Grouss Spigelen am Weltall, d'Verspreeë vu Partikelen an der Atmosphär oder d'Schafe vu kënschtleche Wolleke fir d'Sonn ze reflektéieren: Dat si just e puer Beispiller vum sougenannten "Geo-engineering", op dat verschidde Wëssenschaftler wëlle setze fir d'Äerderwiermung ze stoppen. Well d'Konsequenze vu sou déifgräifenden Agrëffer an d'Natur awer onberechenbar a souguer potenziell dramatesch kënne...
weiderliesen...
Huesepescht och zu Lëtzebuerg?
An Däitschland verbreet sech d’Huesepescht, déi sougenannten Tularämie, den Ament ëmmer weider. Dës Infektiounskrankheet ass och op de Mënsch iwwerdrobar. Ginn et hei zu Lëtzebuerg den Ament scho Fäll vu kranken Déieren? Wou leien d’Risiken a fir wien? Sinn d’Jeeër a Baueren iwwert d‘Situatioun informéiert? Wat fir Preventiounsmoossnamen existéiere fir enger Verbreedung am Grand-Duché virzegräifen?...
weiderliesen...
Reewaasseranlagen an ëffentleche Gebaier fir Drénkwaasser ze spueren?
D'Installatioun vun enger Reewaasseranlag, fir Reewaasser fir verschidden Zwecker ze notzen, ass eng Méiglechkeet fir Drénkwaasser ze spueren, grad wann Dréchent an Hëtzt dem Grondwaasser zousetzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et an där Hisiicht bei den ëffentleche Gebaier ausgesäit.
weiderliesen...
Operatiounen un Intersex Kanner – an Zukunft och zu Lëtzebuerg verbueden?
Operatiounen u Kanner déi ‚intersex‘ sinn, si keng Seelenheet. Oft gëtt Intersexualitéit als e medezinesche Problem ugesinn, den et ze behiewe gëllt. Onofhängeg dovun, dass dës Kanner gesond sinn, gëtt hinnen heimat e Choix geholl den si zu engem spéideren Zäitpunkt hätte missen dierfe selwer treffen. An Däitschland soll lo e Gesetz des Praxis verbidden an intersex Kanner an hirer Autodetermination...
weiderliesen...
Ass e spezielle Congé bei Feelgebuerten virgesinn?
Eng Feelgebuert ass fir all Elteren e schreckleche Moment. En Enn vun engem neie Liewen, nach éier et ugefaangen huet. A Neiséiland gouf e Gesetz gestëmmt dat den Elteren an dëse Fall soll extra Congésdeeg accordéieren. Si sollen an dëser Situatioun Zäit kréien hire Verloscht ze betraueren. D’Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu nogefrot, ob och bei eis esou speziell Congésdeeg wäerten agefouert...
weiderliesen...
Eng Widderhuelung vum Vëlosummer dëst Joer?
Nom Succès vum Vëlosummer 2020 wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vun den zoustännege Ministere wëssen, ob schonn Detailer fir d'Editioun vun dësem Joer gewosst sinn.
weiderliesen...
Upassung vun de Bëscher un de Klimawandel
D'Bëscher spillen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel. Gläichzäiteg setzen hinnen d'Drécheperioden an déi héich Temperaturen ëmmer méi zou. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Demande fir eng Subventioun am Kader vum Programm "Klima-Bonus" deposéiert goufen, wéi wäit d'Aarbechten un der Reform vum Aidekatalog sinn a wéi et ëm verschidden...
weiderliesen...
Photovoltaikanlagen um Buedem
An engem rezente Communiqué fuerderen de Mouvement écologique an d'Lëtzebuerger Jongbaueren a Landjugend, dass PV-Anlage prioritär op Gebaier oder soss scho benotzte Flächen installéiert ginn, a sou mann wéi méiglech um Buedem fir net zousätzlech Flächen ze versigelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi si dozou stinn a wéi vill fräi Flächen zu...
weiderliesen...
Aktualitéitsstonn Klimaschutz: Nei Technologië fir den CO2 aus der Loft ze bannen
Wat ass d’Roll vun Technologien déi Kuelendioxid aus der Loft filteren a bannen am Klimaschutz ? Mat där Fro huet sech d’Chamber an enger Aktualitéitsstonn befaasst.
weiderliesen...
Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer
Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d’DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d’Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.
weiderliesen...
Réikitzrettung per Dron
D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.
weiderliesen...
Wéi huet sech de First Responder am CGDIS bewäert?
De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d'Zentral weiderzegi bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. An deem Sënn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot wéi sech de First Responder an de lëschten zwee Joer am CGDIS bewäert huet.
weiderliesen...
Firwat kënnen d’Zuch-Horaire net an de Gemengen-Appen integréiert ginn?
Verschidde Gemengen uechtert Land hunn eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall - a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene jeeweilege Gemenge ka consultéieren. An deem Kontext, hunn D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister nogefrot, firwat d’Zuch-Horaire den Ament net kënnen an dësen Appen integréiert ginn.
weiderliesen...
Wunnengen an Zuchstatiounen?
Op verschiddene Plaze ginn et scho Wunnengen an Zuchstatiounen. Mee wéi gesäit et generell am Land mat sou Projeten aus? Gëtt et do nach Loft no uewen? Wat ass geplangt? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu weider Informatioune vum zoustännege Minister gefrot.
weiderliesen...
Projet MMUST: Besser Organisatioun vun der Mobilitéit an der Groussregioun
Mam Projet "modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers" (MMUST) sollen d'Verkéiersflëss an der Grenzregioun analyséiert gi fir d'Mobilitéit besser z’organiséieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten um Projet sinn an ob schonn en Tëschebilan gezu ka ginn.
weiderliesen...
Wéi wäit si mer mam autonome Fueren zu Lëtzebuerg?
Déi däitsch Regierung wëll an Zukunft op verschiddene Plazen am Land erlaben, dass vollautomatesch Gefierer ganz normal am Stroosseverkéier dierfe fueren, wou de Chauffer just an engem Noutfall muss agräifen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit mer hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich sinn.
weiderliesen...
Nees méi Wuerentransport iwwer d'Strooss wéinst der Pandemie?
Ass nees méi Wuerentransport vun der Schinn op d'Strooss verluecht ginn an der Pandemie? Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, d'CFL Cargo hätt op mannst ee gréissere Client verluer, well de Camion an der Pandemie méi intressant wéi den Zuch wier. Hien huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat tatsächlech sou ass a wat d'Regierung wëlles huet fir deem Trend entgéint ze steieren.
weiderliesen...
Moderniséierung vum CITA?
Laut Koalitiounsaccord soll de CITA enger Analys ënnerzunn an den techneschen Entwécklungen ugepasst ginn. Och soll allgemeng eng informatesch Strategie ausgeschafft ginn, fir d'Verkéiersfluxe besser ze leeden an d'Chauffere besser z'informéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.
weiderliesen...
Méi Verkéierssécherheet duerch Handysradaren oder -dronen?
D'Oflenkung duerch den Handy stellt ëmmer méi e grousse Risiko am Verkéier duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat se dogéint wëllen ënnerhuelen, an ob geplangt wier, wéi an anere Länner, speziell Radaren oder souguer Dronen anzesetze fir ze kontrolléieren, ob d'Leit sech un de Code de la route halen.
weiderliesen...
Atomendlager zu Bure: Gëtt d'Regierung reegelméisseg iwwer nei Entwécklungen informéiert?
An hirem Avis vum 13. Januar huet déi franséisch Ëmweltautoritéit eng ganz Partie Kritike par Rapport zum geplangten Endlager zu Bure opgeworf, dat eng 100 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob gewosst ass, wat d'Suite vun deem Avis fir de Projet wäerte sinn an ob d'Regierung reegelméisseg iwwer sou Entwécklungen...
weiderliesen...
Photovoltaikanlagen op grousse Parkingen?
Den Energieminister huet rezent an engem Artikel vum enorme Potenzial geschwat, dat d'Parkingen am Land géife bidden, fir Solarstroum ze produzéieren, wann ee se géif iwwerdaachen a PV-Anlagen drop installéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi de Minister wëlles huet dëst Potenzial ze mobiliséieren.
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vum Goldschakal op déi einheimesch Déieren?
Wéi et schéngt, ass de Goldschakal méiglecherweis eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gesi ginn. D'DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat den Impakt vu senger Presenz virun allem op d'Beutedéieren ass, a wéi et allgemeng ëm d'Bekämpfung vun den invasiven Déierenaarten hei am Land steet.
weiderliesen...
Wéi wäit ass déi geplangten national P&R-Strategie?
De Koalitiounsaccord gesäit d'Ausschaffe vun enger « stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R) » vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit een domadder ass a wéini dës Strategie ka presentéiert ginn.
weiderliesen...
Firwat dauert et sou laang bis dass d'Leit d'Primm fir e Vëlo oder Elektro-Auto ausbezuelt kréien?
Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et ënner Ëmstänn ganz laang dauert bis dass d'Leit d'Primm "Clever Fueren" och tatsächlech ausbezuelt kréien. Si hunn dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, firwat dat sou ass a wat kann ënnerholl ginn, fir dës Delaien ze reduzéieren.
weiderliesen...
Wat ënnerhëlt Lëtzebuerg fir d'Unerkennung vum Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau virunzebréngen?
Am aktuelle Koalitiounsaccord schwätzt sech d'Regierung dofir aus, den Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau unzëerkennen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat da bis lo konkret an déi Richtung ënnerholl ginn ass.
weiderliesen...
Aktuell Informatiounen zum Fonds de compensation (FDC)
Enn September 2017, huet d'Regierung e Pilotprojet virgeluecht, an dem de Fonds de compensation (FDC) encouragéiert gouf, sech d'Avantage fir d'Schafe vun abordabele Locatiounswunnengen ze engagéieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn an dem Sënn beim den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi den Avancement vum Projet zu Gréiwemaacher ausgesäit a wat fir eng Montante säit Hierscht 2017 vum...
weiderliesen...
100% erneierbar Energien: Wéi gesäit déi national Strategie zur Energiespäicherung aus?
Opgrond vun der Volatilitéit vu Solar- a Wandenergie ass d'Energiespäicherung en zentraalt Element vun der energetescher Transitioun hin zu 100% erneierbarer Energie. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi déi lëtzebuergesch Strategie an deem Beräich ausgesäit fir och an Zukunft d'Versuergungssécherheet ze garantéieren.
weiderliesen...
Wéi vill PAP'en ginn de Moment realiséiert?
D'Plans d’aménagement particulier (PAP) spillen eng wichteg Roll wann et ëm d'Schafe vu Wunnraum geet. Deementspriechend hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn nogefrot wéi vill PAP'en de Moment realiséiert ginn a mat wéi vill néi gebauten (abordabelen) Wunnengen ze rechnen ass.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d‘Präisstransparenz um Immobiliëmarché ?
Den Ament ass et Usus datt déi meescht Immobilie-Constructeure Präisser affichéieren, déi op Basis vum reduzéierten TVA-Taux vun 3% berechent sinn. Dëst stellt allerdéngs eng Gefor fir de Konsument duer. 2019 haten d’Ministesch fir de Konsumenteschutz an de Minister vum Logement annoncéiert iwwert eng Standardiséierung vun den annoncéierte Wunnengspräisser nozedenken. D‘DP-Deputéiert André Bauler a...
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de Respekt vun der Maskeflicht am ëffentlechen Transport?
Zënter dem Abrëll besteet d'Maskeflicht am ëffentlechen Transport. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt vum zoustännege Minister wëssen, ob de Respekt vun där Reegel kontrolléiert gëtt a wat d'Resultat vun dëse Kontrollen ass.
weiderliesen...
Gratis Schoulbicher: Wéi vill spuert een Haushalt pro Kand?
Zënter 2 Joer schonn iwwerhëlt de Staat d'Käschten fir d'Schoulbicher vun de Lycéesschüler. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim Bildungsminister nogefrot wéi héich déi finanziell Entlaaschtung fir eis Menagen ass.
weiderliesen...
SNHBM: Firwat konnte bestëmmt Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert ginn?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ënnert wat fir enge Critèren SNHBM Immobilie keeft, a wisou verschidden Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert goufen.
weiderliesen...
Wéini gëtt d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt?
Wéi et schéngt, géif nach just e klengen Deel feelen, da kéint d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt ginn. Domadder géif et eng duerchgehend Vëlosverbindung aus dem Raum Suessem a Käerjeng, iwwer d'Gemengen Dippech a Bartreng bis op Mamer an an d'Stad ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi hu beim zoustännege Minister nogefrot, fir wéini dës Aarbechten ofgeschloss kéinte ginn.