Wéini gëtt d’Rue Clairefontaine zu Dikrech erneiert?

D'Aarbechten un der Rue Clairefontaine zu Dikrech hätte viraussiichtlech 2021 ufänke sollen. Well dat awer net geschitt ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot wou d'Prozedur de Moment drun ass a wéini d'Aarbechten un der Strooss ufänke kéinten.

Fro

„D’Kléck zu Dikrich, also d’Rue Clairefontaine (N17), ass zënter Joren an engem schlechten Zoustand. Souwuel den Ënnergrond, wéi och den Tapis (Couche de roulement), missten an noer Zukunft erneiert ginn.

Ufank Oktober 2020 hat den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro 2729 geäntwert, datt am September 2020 den detailléierten Avant-Projet finaliséiert géif an nach Emprisë misste gemaach ginn. Den Appel d’offres public kéint no enger Rei “Demandes d‘autorisation” ofgeschloss ginn, sou datt d’Aarbechte viraussiichtlech am Joer 2021 kéinten ufänken.

An deem Kontext wollt ech den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte Follgendes froen:

  1. Wou ass d’Prozedur de Moment drun ?
  2. Gouf et Problemer bei den Emprisen ?
  3. Wéini kéinten d’Aarbechten ufänken a wéi géif dëse Chantier konkret organiséiert ginn, fir den Impakt op d’Verkéiersflëss beschtméiglech ze geréieren ?
  4. Wéi vill Gefierer fueren duerchschnëttlech iwwert dës Strooss? Gëtt et do rezent Miessungen ?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...