Wou ass de Projet vun enger direkter Verbindung tëscht dem Härebierg an dem Fridhaff drun?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wou de Projet vun enger direkter Stroosseverbindung tëscht dem Härebierg an dem Fridhaff dru wier.

„Zanter enger Rei Jore gëtt geplangt fir den Dikricher Härebierg iwwer eng Aart Brëtell un de Rond-point Fridhaff unzeschléissen. Dëst géif et der Kasär Grand-Duc Jean erlaben, fir en direkten Accès un d‘B7/A7 respektiv un d‘N7 ze kréien.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass et an Tëschenzäit méiglech gewiescht, fir all déi erfuerdert Terrainen, déi fir dës Verbindung gebraucht ginn, opzekafen?
  • Kéint den Här Minister de geneeë Verlaf vun dëser geplangter Entlaaschtungsstrooss beschreiwen?
  • Si bei der Realisatioun vun dësem Projet Kompensatiounsmoossnamen néideg? Wa jo, wat wieren dat fir Mesuren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...