Wéi geet et viru mat der neier Verbindungsstrooss Fridhaff-Häerebierg?

De Projet sollt eigentlech Enn vum leschte Joer ufänken, ma et huet sech bis elo nach näischt gedoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou de Projet drun ass.

« Dans sa réponse à ma question parlementaire n°3791 du 5 mai 2018, Monsieur le Ministre avait affirmé : « En ce qui concerne la liaison du site du Häerebierg (Caserne Grand-Duc Jean) au giratoire au lieu Fridhaff, le projet afférent devrait pouvoir être présenté en 2019 avec, dans ce cas, une exécution des travaux prévisiblement en 2019/2020. »

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

– Monsieur le Ministre peut-il fournir des informations sur l’avancement de ce projet routier ?

– Qu’en est-il de l’impact environnemental de cette nouvelle route ? Une analyse y relative est-elle en cours ?

– Quand les travaux de construction relatives à ce projet pourraient-ils débuter ? Quelle est la durée estimée du chantier ? »

Äntwert

Den Dossier fir d’Ausschreiwung wier souwäit prett, d’Ëmweltautorisatioun géif och deemnächst ugefrot ginn. Wat bis lo nach gefeelt hätt, wieren d’Terrainen, a wann do keng Léisung fonnt gëtt, wäert d’Expropriatiounsprozedur ulafen. Ab deem Moment, wou dat alles gekläert wier, kéint ee mat sechs Méint rechnen, bis dass de Bagger rullt a mat weideren 18 Méint bis d’Aarbechten ofgeschloss sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...