Entschäerfung vun enger geféierlecher Kräizung bei Steeën?

Ëmmer nees kënnt et zu schroen Accidenter op enger Kräizung bei Steeën. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dofir beim zoustännege Minister nogefrot, wat geplangt ass, fir dës Plaz méi sécher ze gestalten.

« Samedi passé un nouvel accident routier s’est produit sur le croisement du CR347 et de la route nationale N14 près de la localité de Stegen dans la « Äerenzdallgemeng ». Il s’agit en effet d’un carrefour dangereux dans la mesure où nombre d’automobilistes y passent tous les jours à vitesse élevée. Il n’est donc pas surprenant qu’il y ait eu bon nombre d’accidents ces dernières années en cet endroit critique.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Monsieur le Ministre peut-il informer du nombre d’accidents qui ont eu lieu au carrefour précité depuis 2015 ?
  • Monsieur le Ministre serait-il disposé à envisager des mesures infrastructurelles ou autres afin de réduire le risque de carambolages ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...