Wat ass virgesinn, fir de Schülertransport tëscht Buerschent an Dikrech ze verbesseren?

Mat der Reform vum Busreseau am ländleche Raum hunn d'Schüler vu Buerschent Schwieregkeete mat Zäiten op Dikrech an d'Lycéeën ze kommen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.

Rezent Ännerungen un de Buspläng féieren dozou, datt d’Schoulkanner vu Buerschent an Ëmgéigend, déi mat der Linn 134 op Dikrech an de Kolléisch an an den Nordstad-Lycée fueren, mat spierbaren Zäitverloschter musse rechnen, dat duerch ze laang Waardezäiten zu Ettelbréck op der Gare an duerch dagdeeglech Stauen, déi et schwéier maachen, den Uschloss un den nächste Bus ze kréien.

Momentan ass den neie Bus-Horaire sou ugeluecht, datt etlech Elteren a Schüler, déi schonn de Führerschäin hunn, mam Auto op Dikrech wäerte fueren, amplaz op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. Mam Auto brauch een nämlech ronn 20 Minutte fir op Dikrech, mam ëffentlechen Transport sinn d‘Schüler dacks méi wéi eng Stonn ënnerwee; dat, well de Busplang net adequat un den Horaire vun der Schoul adaptéiert ass, respektiv well d’Schüler, déi vun Dikrech kommen, zu Ettelbréck mussen ëmsteigen an do vill ze laang musse waarden ier si eng Verbindung fir op Buerschent kréien.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister bereet fir een direkte Bus vu Buerschent op Dikrech fueren ze loossen, sou dass d’Schüler ënner gudde Konditiounen an d’Dikrecher Lycéeë gefouert kënne ginn?
  • Firwat gouf de Bus, deen um 7.24 Auer zu Buerschent fortgefuer ass, ofgeschaf, obwuel dëse fir d’Schüler déi mannsten Zäitverloschter mat sech bruecht huet?
  • Firwat fiert de Bus K19 just op d’Buerschtermillen an an d’Schlënner, mä awer net op Buerschent selwer?

Äntwert

  1. D’Verwaltung fir ëffentlechen Transport huet fir d’Rentrée 2022/23 eng zousätzlech Schülerlinn “K45 Tadler – Bourscheid – Buerden – Ettelbruck” agefouert. Des ass moies verbonne mat der bestehender Schülerlinn “K34 Ettelbruck – Diekirch”. Esou kënnen d’Schüler vu Buerschent an Ëmgéigend ënner bessere Konditiounen an d’Dikrecher Lycéeë gefouert ginn.
  • De Bus as an deem Sënn net ofgeschaf ginn, ma duerch déi nei Schülerlinn “K45” ersat ginn.
  • Vun der Topographie hier ergëtt et méi Sënn, dass déi nei Schülerlinn “K45” op Buerschent fiert anstatt der Schülerlinn “K19”.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...