D’DP ass e klore Gewënner vun de Chamberwalen, mat engem Plus vun 2 Sëtz a prozentualem Zouwuess an alle Bezierker.





Source: elections.lu
D’DP ass e klore Gewënner vun de Chamberwalen, mat engem Plus vun 2 Sëtz a prozentualem Zouwuess an alle Bezierker.
Source: elections.lu
An hirer éischter Tribune Libre als DP-Presidentin insistéiert d’Carole Hartmann op d’Wichtegkeet vum Lëtzebuerger Modell, an deem den Dialog tëschent Politik, Patronat a Syndikater sollt weider gefleegt ginn. Dat wier een Tromp, deen sech bewäert hätt, an deen d’Land net dierft aus der Hand ginn.
Den Nationalkongress vun der Demokratescher Partei huet d’Carole Hartmann (37) mat 95,65 Prozent zu senger neier Presidentin gewielt. D’Carole Hartmann iwwerhëlt d’Successioun vum Lex Delles, deen dräi Joer laang President war.
Dem Retail Report 2025 no, klëmmt d’Zuel vun de Restaurant, woubäi déi vun de Caféen a Baren erofgeet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet no Detailer iwwer d’Concessioune gefrot.
An der Tribune Libre um Radio ënnerstëtzt eisen Deputéierte Luc Emering all Efforten, déi d’Zukunft vum Bauerewiesen verbessere hëllefen. Dofir missten d‘Prozeduren op ville Niveauen iwwerschafft a vereinfacht ginn.