Alternativen zu der Ëmweltoplag vun der EU-Kommissioun

D’EU-Kommissioun huet décidéiert eng Ëmweltoplag ze lockeren an där et sech ëm d'4% „Flächenstilllegung“ handelt. Amplaz déi 4% brooch leien oder onproduktiv ze loossen, ginn et zwou Alternativen, d’EU Landwirtschaftsbetriber kënne stéckstoffbannend Planzen (Lënsen, Ierbessen oder Bounen) an/oder Tëschefriichten („culture dérobée“) op 7% vun hirem Agrarland ubauen. D’DP Deputéierten André Bauler a Luc Emering hunn d’Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau gefrot wéini si wëlles huet fir der EU-Kommissioun matzedeelen ob si d'Ausnamereegelung op nationalem Niveau applizéiere wëll, wéi si dono virgoe géif fir de Secteur iwwert déi Ausnamereegelung z'informéieren a wéi dëst an der Praxis applizéiert gi géif.

Fro

Am Kontext vun de Schwieregkeeten an den Onsécherheeten am Secteur vun der Landwirtschaft huet d’EU-Kommissioun decidéiert eng Ëmweltoplag ze lockeren, réckwierkend op den 1. Januar 2024. Dobäi handelt et sech ëm d’4% „Flächenstilllegung“. D’Iddi vun dëser Oplag ass et fir en Deel vun den Agrarfläche brooch leien ze loosse fir d’Biodiversitéit ze preservéieren an dem Buedem z’erméiglechen, sech ze regeneréieren. D’Kommissioun gesäit elo d’Méiglechkeet vir, dass all wirtschaftlech Betriber an der EU vun dëser Verflichtung ausgeholl sinn an trotzdeem weider Subsiden duerch d’Gemeinsam Agrarpolitik kréie kënnen.

Amplaz 4% vun den Agrarfläche brooch leien oder onproduktiv ze loossen, sollen d’EU-Landwirtschaftbetriber stéckstoffbannend Planzen (Lënsen, Ierbessen oder Bounen) an/oder Tëschefriichten („culture dérobée“) op 7% vun hirem Agrarland ubauen. Domadder erfëllen si d’Konditioun vun der Derogatioun. Tëschefriichte si Planzen, déi tëschent zwou Haaptkulturen ugebaut ginn.

Memberstaaten, déi d’Ausnamereegelung op nationalem Niveau applizéiere wëllen, mussen der Kommissioun dëst innerhalb vu 15 Deeg matdeelen, fir dass d’Baueren esou schnell wéi méiglech kënnen informéiert ginn.

An deem Kader wollte mer der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau follgend Froe stellen:

1. Wéini huet d’Ministesch wëlles fir der EU-Kommissioun matzedeelen ob si d’Ausnamereegelung op nationalem Niveau applizéiere wëll?

2. Wéi géif d’Ministesch duerno virgoe fir de Secteur iwwert déi Ausnamereegelung z’informéieren a wéi géif dëst an der Praxis applizéiert ginn?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...