Ass virgesinn d’Buslinn K45 vum Schülertransport ofzeschafen?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Buslinn K45 vum Schülertransport ofgeschaf soll ginn, quitt dass dës gutt ausgelascht wier. Aus deem Grond wollt hie vum Mobilitéitsminister wëssen, ob dat tatsächlech de Fall ass.

Am September gouf et Diskussiounen an Opreegung ronderëm d’Buslinn K45, déi d’Schülerinnen a Schüler aus der Regioun ëm Heischent iwwer Kehmen, Buerschent a Bierden op Dikrich an d’Lycéeë féiert. Deemools ass de Bus um Schoulufank net direkt gefuer, gouf awer e puer Deeg méi spéit nees fuere gelooss.

Mir ass elo vun Eltere matgedeelt ginn, datt dës Buslinn bei der kommender Rentrée nees a Fro gestallt kéint ginn, obwuel de Bus ganz gutt ausgelaascht ass.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ginn et momentan Kontrolle mat Hëllef vun deenen erausfonnt soll ginn, ob bestoend Buslinne fir de Schülertransport bäibehalen oder ofgeschaaft solle ginn?
  • Wat fir Buslinnen am Kanton Dikrich si schonn op de Leescht geholl ginn a wat fir eng riskéieren ofgeschaaft ze ginn?
  • Gëtt d’Buslinn K45 vum Mobilitéitsministère aktuell a Fro gestallt? Soll se eventuell ab der Rentrée ofgeschaaft ginn, obwuel se am Schouljoer 2022/23 gutt genotzt gëtt?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...