Sécherheet a Verdeedegung

Bannescht Sécherheet, Rettungswiesen a Verdeedegung

Bannescht Sécherheet, Rettungswiesen a Verdeedegung: Fir de Schutz an d’Wuelbefanne vun de Biergerinnen a Bierger

Bannescht Sécherheet

D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt eis Police muss effikass a modern opgestallt sinn, fir den aktuellen a kommende sécherheetspoliteschen Erausfuerderunge beschtméiglech gerecht ze ginn. Mir approuvéieren dofir d’Mesurë fir en optimalen, personellen, materiellen an infrastrukturellen Equipement.

Niewent hiren Aufgaben als Steierverwaltung spillt d’Douane eng wichteg Roll bei der Bekämpfung vun der Kriminalitéit; besonnesch géint den illegalen Drogenhandel, gefälschte Produiten a Schmugglerwuer. Fir hire villfältegen Aufgaben och an Zukunft nokommen ze kënnen, soll d’Douane weider gestäerkt ginn. Dat betrëfft d’Gebaier, d’Personal, d’Material an d’Digitalisatioun.

Eng gutt Präventioun ass déi effikasste Method, fir am Alldag Verbriechen z’evitéieren. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Präventioun vun der Police muss staark ausgebaut ginn, fir hir Aarbecht am Alldag z’entlaaschten. Dofir setze mir eis ausdrécklech fir de Poste vun engem nationale Präventiounskoordinator an, deen d’Regioune koordinéiert an effikass Moossnaame vun nationaler Envergure ëmsetzt. Doriwwer eraus wëlle mir eng däitlech Opwäertung vum Comité de prévention, fir ganz vun deem séngem Potenzial ze profitéieren.

D’DP leet grousse Wäert op eng verstäerkte Policepräsenz an den Dierfer an an de Quartieren, fir d’Sécherheet vun der Bevëlkerung ze garantéieren. D’DP wëll eng Gemengepolice aféieren, déi de Gemenge vun der nationaler Police zur Verfügung gestallt gëtt, an der Autoritéit vum Buergermeeschter ënnersteet. Déi Gemengepolice soll – an enker Zesummenaarbecht mat den Agents municipaux – fir d’Sécherheet an de Gemenge suergen.

Am Kader vun enger grousser Policereform solle gekuckt ginn, fir zivil Plaze bei der Police méi dacks mat zivile Mataarbechter ze besetzen. D’Poliziste selwer solle méi effikass a méi heefeg um Terrain agesat ginn. Dofir wëll d’DP d’Polizisten entlaaschten, andeem méi zivilt Personal an der Administratioun agesat gëtt. Doriwwer eraus wëll d’DP checken, ob den Transport vu Prisonéier an Zukunft ka vu Giischtercher gemaach ginn an net méi vu Polizisten (änlech wéi an Däitschland).

Cf. Kapitel Justiz

D’DP ass fir d’Aféierung vu Bodycams als des-eskaléierenden Outil, vum deem d’Polizisten an d’Bierger duerch e legale Kader profitéieren, ouni d’Handlungsfräiheet vun de Polizisten anzeschränken. Dobäi ass en ausféierlechen Training d’Konditioun, fir e sécheren Ëmgang mat de Bodycams a Stresssituatiounen ze garantéieren. Weider sinn d’Datesécherung an en appropriéierten Accès zu den enregistréieren Date vu grousser Bedeitung. Mir wëllen eng Balance tëschent dem Schutz vun der Biergerrechter an der Garantie fir déi ëffentlech Sécherheet.

D’DP setzt sech fir Dashcams an de Policeween an, fir eng objektiv Saisie vu Virfäll ze garantéieren a fir potientell Mëssverständnisser oder Feelinformatiounen effikass opzeklären. Dobäi leeë mir grousse Wäert dorobber, datt déi legal Bestëmmungen a Richtlinne fir den Asaz vun den Dashcams kloer a präzis definéiert ginn, fir d’Privatsphär vun de Bierger ugemiess ze schützen.

Als DP si mir eis der Importenz vun der momentaner, grousser Personalrekrutéierung bewosst an ënnerstëtze se voll a ganz. Et ass entscheedend, fir kontinuéierlech och Zivilisten z’engagéieren, fir deen ëmmer méi komplexen a villfältegen Erausfuerderungen am Alldag gerecht ze ginn.

D’DP wëll der Police déi néideg technesch Mëttel an och qualifizéiert Personal fir d’Bekämpfung vun der wuessender Cyberkriminalitéit garantéieren. Eng gutt equipéiert Police mat Fachwëssen an der Cyberkriminalitéit ass entscheedend, fir d’Opklärung vu Strofdoten, d’Poursuite vun Täter a fir d’Garantie vun der Sécherheet.

Zanter d’IGO (Inspection Générale de la Police) fir d’Mesures disciplinaires zoustänneg ass, hu sech d’Objektivitéit an d’Neutralitéit vun der Aarbecht verbessert. Leider daueren d’Disziplinar-Prozedure géint Polizisten nach ëmmer ze laang. Als DP setzte mir eis ausdrécklech dofir an, fir déi Prozeduren z’acceleréieren. Dofir wëlle mir kucken, wéi een d’Prozeduren méi séier maache kann an/oder d’Personal vun deem Service ausbaue kann. D’Zil muss eng effikass a séier Prozedur sinn.

Et ass eis wichteg, datt de Rechtsschutz vun de Polizisten, déi am Déngscht an Accidenter verwéckelt ginn oder géint déi Disziplinarprozedure lafen, ze verbesseren an z’acceleréieren. Mir engagéieren eis fir de Schutz an de Support vun deene Polizisten, andeem mir hinnen direkt een ugemiessene rechtleche Support zur Verfügung stellen. Mir wëllen esou garantéieren, datt si gerecht behandelt ginn, an datt hir Rechter an hiren Interêt garantéiert sinn.

D’DP wëll d’Effikassitéit vun de Polizisten duerch méi eng grouss Handlungsfräiheet verbesseren. Dofir wëlle mir – no Artikel 10 vum Policegesetz – méi einfach a méi séier Prozeduren. Déi Prozedure erlaben et de Polizisten, fir Gebaier, Gefierer an onbebauten Terrainen ze betrieden, wenn eng direkt Gefor fir Liewen a Gesondheet besteeet. Mir wëllen, datt d’Polizisten an esou Situatioune kënnen eegestänneg Decisiounen huelen, fir séier handlungsfäeg ze sinn, ouni mussen op den Accord vun engem Buergermeeschter oder vun engem Minister ze waarden.

D’DP wäert d’Digitaliséierung vun der Police ausbauen. Mir wëllen dobäi besonnesch déi klassesch Dossieren an déi inkomptabel IT-Programmer duerch eng ëmfaassend Digitaliséierung ersetzen, fir kënne méi effikass, séier a produktiv ze schaffen. D’Zil ass eng proaktiv a séier Integratioun vu verschiddene Supports de données an engem homogeene Programm.

Investitiounen a modern Tablette sinn onbedéngt noutwendeg, fir déi administrativ Aarbecht um Terrain ze verbesseren. D’Poliziste kënnen esou direkt Informatiounen ofruffen, Daten aginn a Rapporte schreiwen. Elektronesch Formulären, den Accès op Daten, Bild- a Videoopnaamen an digital Notize spueren Zäit a Pabeier.

Am Zäitalter vum technologesche Forschrëtt erlaabt déi modern Technologie et der Police, fir méi effikass ze schaffen an d’Delinquante méi effikass ze poursuivéieren. Duerch déi modern Technologie, wéi z.B. automatesch Erkennung vun Nummereschëlter, kënne geklauten Autoe méi séier erëmfonnt ginn, Recherchen acceleréiert a Verdächteger méi séier fonnt ginn. Dat ass méi effikass an esou hunn d’Poliziste méi Zäit fir aner Aufgaben. D’Technologie muss awer konform zu de rechtlechen an ethesche Standarde sinn, fir d’Privatssphär vun de Biergerinnen a Bierger ze schützen. D’Verbindung vun der moderner Technik mat der Policeaarbecht versprécht eng méi séier Indentifikatioun vun Delinquanten an dréit esou zur Sécherheet an zu Recht&Uerdnung an eiser Gesellschaft bäi.

Rettungswiesen

Als DP setze mir eis dofir an, dass d’Schichte vun den haaptberuffleche Pompjeeë vun aacht opzwielef Stonnen verlängert ginn. Dëse Changement verbessert net nëmmen d’Aarbechtskonditiounen an d‘Produktivitéit, mee entsprécht och de lokalen Ufuerderungen. Et erméiglecht eng méi effizient Bewältegung vun den alldeeglechen Aufgaben a reduzéiert gläichzäiteg och d’Zuel vun den Iwwerstonnen. Donieft ass et e wichtege Schrack, fir de Gruef tëscht de Beschäftegten zouzemaachen, deen et haut gëtt, well déi haaptberufflech Pompjeeë vum CIS Lëtzebuerg, den Zenter um Findel an och den 112 op enger 12-Stonneschicht fonctionnéieren.

D’DP wëll eng flächendeckend a séier Noutfallversuergung garantéieren. De Fonctionnement vum SAMU soll um Krittär vun der Effikassitéit iwwerpréift ginn a wann néideg sollen zousätzlech SAMU-Unitéiten an de ländleche Regiounen ageféiert ginn.

D’DP engagéiert sech fir eng déifgräifend Analys vun der Reform vum Rettungswiesen aus dem Joer 2018 a wann néideg sollen och Upassunge gemaach ginn. Dofir mussen déi fundamental Elementer bei der Organisatioun vum Déngscht, déi verstäerkten Ënnerstëtzung vun der Aarbecht vun de Benevollen, d’Schafe vun neie Raimlechkeeten an och de Finanzement vum CGDIS iwwerpréift ginn.

D’DP steet zu der grousser Wichtegkeet vum Benevolat bei de Rettungsdéngschter a valoriséiert de wäertvolle Bäitrag an de selbstlosen Engagement vun de Fräiwëllegen. Mir engagéieren eis fir de Benevolat ze stäerken an ze fërderen. Dofir wëlle mir reegelméisseg existent Moossnaamen evaluéieren an nei Projeten initiéieren. Mir ënnerstëtzen d’Aarbecht vun de Benevollen andeems mir déi allgemeng Konditiounen duerch eng finanziell a steierlech Attraktivitéit verbesseren, en adequaten Equipement schafen an eis fir méi attraktiv a flexibel Ausbildungs- a Fortbildungsméiglechkeeten asetzen.

D’DP setzt sech a fir d’Aféiere vun enger Life-saver-App an. Dës App informéiert Memberen, déi enregistréiert sinn, an informéiert déi éischt Leit op der Plaz (First Responder) direkt iwwert e Noutfall, wa se an der Géigend vun engem Accident sinn. Soubal de Fräiwëllegen seng Disponibilitéit bestätegt, gëtt den Asaz lancéiert an d’App guidéiert eng Persoun, déi éischt Hëllef ka leeschten, op d’Plaz vun engem Mënsch, deen an Nout ass. D’Aarbecht vun de Fräiwëllegen ass clôturéiert esoubal déi professionell Rettungsdéngschter ukommen. Wäertvoll Minutte kënne mat dësem System gespuert ginn, well ee sougenannte Ersthelfer ka wichteg Mesuren huelen, ier d’Ambulanz op der Plaz ass.

Cf. Kapitel Gesondheet

Verdeedegung

D’DP ass iwwerzeegt, datt d’Lëtzebuerger Arméi effizient a modern muss sinn, fir déi aktuell an zukünfteg sécherheets- a geopolitesch Erausfuerderungen am beschte kënnen ze meeschteren. Mir si fir Mesuren déi eng optimal personell, materiell an infrastrukturell Versuergung kënne garantéieren.

Als DP ënnerstëtze mir eng Stäerkung vun den Investitioune bei der Lëtzebuerger Arméi. Mir sinn iwwerzeegt, datt et laangfristeg néideg ass, op d’mannst 1% vum PIB an d’Defense z’investéieren, fir déi aktuell an zukünfteg Sécherheets- a geopolitesch Erausfuerderungen, an och eis Engagementer vis-à-vis vun der NATO, am beschten z’erfëllen.

D’DP wëll eis international Verflichtungen assuréieren a gläichzäiteg ekonomesch Virdeeler fir eist Land schafen. Dofir wäerte mir méi Synergien tëscht der Arméi an dem Privatsecteur aféieren. Dëst soll hëllefen, nei Aarbechtsplazen ze schafen an d’Fuerschung an d’Entwécklung a spezifesche Beräicher ze fërderen.

D’DP engagéiert sech fir d’Aféiere vun engem Militärkommissär, deen den Uspriechpartner ass fir Zaldoten an hir Uleies, deen Iddien a Virschléi kann entgéint huelen an d’Membere vun der Arméi bei Problemer a Konflikter kann ënnerstëtzen. A senger Roll als onofhängege Kommissär kann hien als Lien tëscht der Arméi, dem Parlament an der Regierung déngen.

D’DP ënnerstëtzt déi aktuell Investitiounen an d’Moderniséierung an an d’Performance vun der Arméi, besonnesch an de spezifesche Beräicher, ewéi den ISR (Intelligence, Surveillance and Reconaissance), der medizinescher Evakuatioun, der Iwwerwaachung an dem Transport. D’DP plädéiert och fir den Ausbau an d’Weiderféiere vun de Cyberkapazitéiten an eisem Dispositif vun Dronen. D’Strategie am Beräich vun der Defense am Weltall soll och weider ënnerstëtzt ginn.

D’DP ënnerstëtzt prinzipiell d’Schafe vun engem Militärspidol, fir de medezinesche Service vun der Arméi ze stäerken an eng Plus-value fir d’Populatioun ze schafen.

Fir de Mataarbechter vun der Arméi méi Diskretioun ze garantéieren, engagéiert d’DP sech fir d’Aféiere vun engem zweeten, onofhängegen an dezentraliséierte psychologesche Service, änlech ewéi dee vun der Police. Dëse Service soll baussent der Kasär um Härebierg fonctionéiere kënnen. Servicer, ewéi Weiderbildung, Beruffsberodung an Aschätzunge bei Personalfroe kéinte weider an der Kasär stattfannen. D’Behandlung vu perséinlechen traumateschen Erfarungen, private Problemer a familiäre Konflikter sollen dogéint méi diskret behandelt ginn an ënnert der Responsabilitéit vum onofhängegen an dezentraliséierte psychologesche Service kënne fonctionéieren

D’DP setzt sech aktiv dofir an, fir de Manktem u Militärdokteren an Zukunft z’evitéieren. Eist Zil ass et, fir konstruktiv Diskussioune mat alle concernéierten Acteuren ze féieren a kontinuéierlech Verbesserunge vun existente Reglementer an der Gesetzgebung fir Militärdokteren z’erreechen. Mir leeë besonnesch Wäert op d’Schafe vun engem attraktiven Ëmfeld a vu Virdeeler, fir dës Positioun méi interessant fir Dokteren ze gestalten. Am Géigesaz zu Generalisten, déi aktuell an deene Funktiounen täteg sinn, kënne spezialiséiert Militärdokteren och un Auslandsmissiounen deelhuelen, sinn hunn eng spezifesch Ausbildung an e bessert Verständnis vun de spezielle Besoinen an Erausfuerderunge vun den Zaldoten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp