Bausecteur: méi Faillitten wärend der Pandemie?

Den Deputéierten André Bauler huet sech bei den zoustännege Ministeren iwwer d’Grënn vun de rezenten Faillitten am Bausecteur informéiert.

 „Genee wéi 2020 ass d’Zuel vun de Faillitten och am Joer 2021 relativ stabel bliwwen. Déi gefaarte Well un Insolvenzen ass also och am zweete Joer vun der Pandemie ausbliwwen. Intressant ass et awer, datt am Bausecteur d’Failliten geklomme sinn, an dat trotz exzellenter Konjunktur. 

An deem Kader wollt ech dem Här Wirtschaftsminister, dem Här Minister fir Mëttelstand an der Madamm Justizministesch folgend Froe stellen: 

  • Wat sinn d’Ursaache vun den Insolvenzen am Bausecteur? 
  • A wéi engem Mooss huet d’Pénurie u Baumaterial, bedéngt duerch d’Corona-Pandemie, eventuell zu dëser Hausse bäigedroen ? 
  • Wéi entwéckelt sech de Bausecteur de Moment: kënnt et do éischter zu enger Konzentratioun vu wirtschaftlecher Muecht an den Hänn vun e puer grousse Betriber, oder bleift de Secteur weiderhinn staark konkurrenziell? “

Äntwert

Ad 1° 

Am Joer 2021 goufen et bedeitend méi Betriber am Bausecteur wéi déi Jore virdrun an d’Gesamtzuel vun den Insolvenzen ass deementspriechend och geklommen. Wann een d’Zuel vun dëse sektoriellen Insolvenze mat der Unzuel vu Betriber aus dem Secteur vergläicht, da stellt ee fest, dass den Undeel vu Faillitten am Secteur stabel bliwwen ass.

Joer2018201920202021
Betriber am Bausecteur [1]3.7483.8974.0364.430
Insolvenzen am Bausecteur [2]114150111126
% vun den Insolvenzen3,0 %3,8 %2,8 %2,8 %
[1] Source : Chambre des Métiers [2] Source : STATEC

Obwuel de Bausecteur Ufanks 2020 fir fënnef Wochen duerch de Lockdown impaktéiert war, huet sech d’Handwierk wärend der gesamter Pandemie-Kris als relativ resilient erwisen. Just vereenzelt Betriber si Pandemie-bedéngt an d’Laberente geroden ; dëst war awer haaptsächlech duerch Ausfäll beim Personal bedéngt a manner duerch e Manktem un Aarbecht. D’Pandemie hat deemno kee substantiellen Impakt op d’Unzuel vun de Faillitten am Bausecteur. D’Grënn vun de Faillitte sinn dofir och gréisstendeels déi selwecht wéi dat scho virun der Covid-Kris de Fall war an den Haaptgrond vun den Insolvenze bleift dee vun enger schlechter Gestioun. 

Zousätzlech kann een erwänen dass d’ Faillitte vum Geriicht prononcéiert ginn, wann déi folgend Konditiounen erfëllt sinn: d’cessation des paiements an den ébranlement du crédit. Et gëtt also keen Ënnerscheed an och keng Statistike gemaach tëschent den Ursaachen déi dozou gefouert hunn dat dës Konditiounen erfëllt sinn.

Ad 2°

Et ass richteg, dass d’Pandemie zu eenzele Penurien u Baumaterial gefouert an d’Präisentwécklung och zum Deel impaktéiert huet. Dës punktuell Penurien hunn awer héchstens zu engem marginalen Deel zu den Insolvenze bäigesteiert.

Ad. 3

Wéi de Conseil de la concurrence et op Nofro hin bestätegt léisst d’Entwécklung vun der Gesamtzuel un Entreprisen am Bausecteur net erkennen dat d’Konkurrenzsituatioun sech verschlechtert hätt.

Et ass och keng aussergewéinlech Hausse un Faillitten am Secteur ze erkennen déi kéint op spezifesch Konkurrenzproblemer hiweisen.

Konzentratiounen tëscht Entreprisen, dëst a Form vu Fusiounen an Acquisitiounen, kënnen och d’Verschwanne vu verschiddene Betriber erklären. Hei gi Firmen zesummen, déi virdrun onofhängeg vun enee operéiert hunn, méiglecherweis souguer Konkurrente waren. An dësem Fall ass de méiglechen Impakt op d’Konkurrenzsituatioun méi direkt ewéi bei Faillitten.

De Wirtschaftsministère evaluéiert de Moment an enker Zesummenaarbecht mam Conseil de la concurrence d’Méiglechkeet fir en Mechanismus vum Kontroll vun de Konzentratioune bei de Betriber am nationale Recht anzeféieren. An deem Kontext gouf den 20 Januar 2022 eng ëffentlech Consultatioun lancéiert zu der Méiglechkeet an de Modalitéite fir en Kontroll vun de Konzentratiounen : 

(https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/01-janvier/20-consultation-publique.html).

Dës Consultatioun leeft nach bis Enn Mäerz an erméiglecht allen intresséierte Partien hiren Avis zu esou engem Kontrollmechanismus ofzeginn. Esou eng Kontroll vun de Konzentratioune géif et an Zukunft erlaben d’Unzuel an Ausmooss vun de Fusiounen an de verschiddene Secteure méi no ze suivéieren, och wat hiren Impakt op de Marché ugeet.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Kantinn

Gëtt manner Fleesch a Fësch an de Schoulkantinnen giess?

Ënnert de Jonken gëtt d’Nofro fir vegetarescht a vegaant Iessen ëmmer méi grouss. Dofir hu vereenzelt Lycéeën beim Pilotprojet „Veggie Monday“ matgemaach. D‘Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu sech beim Educatiounsminister iwwer d’Erfarungen an d’Konsequenzen vun dësem Projet informéiert.

weiderliesen...

Wéini gëtt d’Eller Bréck renovéiert?

Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Wëll deen Dossier awer net richteg virunzegoe schéngt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn.

weiderliesen...