Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d'Investitiounen an d'Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

Fro

„ De Krich an der Ukrain dauert elo schonn dräi Joer an déi geopolitesch  Situatioun spëtzt sech ëmmer méi zou. Spéitstens elo muss jidderengem kloer sinn, dass spierbar méi an d’Verdeedegung investéiert muss ginn – souwuel op EU-Niveau wéi och hei zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext setzt Lëtzebuerg op eng Dual-Use-Strategie, fir sécherzestellen, datt d’wirtschaftlech Retombéeë vun dësen Ausgaben och hei am Land ze spiere sinn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ekonomie, Mëttelstand, Energie an Tourismus follgend Froe stellen:

  • A wat fir engem Mooss droe mir mat eiser nationaler Industrie zur Rüstungsproduktioun bäi?
  • A wéi enge Secteure gesäit den Här Minister Potenzial, fir an der Rüstungsindustrie aktiv ze ginn a vläicht och weider Betriber op Lëtzebuerg unzezéien?
  • Ginn et zu Lëtzebuerger Betriber, déi elo schonn och d’Rüstungsindustrie an Europa beliwweren, z.B. mat Tëscheprodukter? Falls jo, aus wéi enge Branchë kommen dës Firmen?“

Äntwert

Fir en Iwwerbléck vun de wirtschaftlechen Acteuren ze kréien déi zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Verdeedegungsindustrie an den Dual Use Produiten a Servicer (déi souwuel fir zivil wéi fir militäresch Zwecker benotzt kënne ginn) aktiv sinn huet Luxinnovation den Optrag kritt eng Kartografie vum Verdeedegungs- an Dual-Use Ekosystem zu Lëtzebuerg opzestellen, esou wéi dat an der Äntwert vum 18 Juni 2024 op d’parlamentaresch Fro 767 vum Deputéierten Alex Donnersbach duergeluecht gouf. De Katalog vu Luxinnovatioun, mat de Betriber déi haut schonn – haaptsächlech iwwer Dual Use Produkter – am Beräich vun der Verdeedegung aktiv sinn, ass online disponibel :  https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2024/06/19backes-catalogue/lu-industry-research-capabilities-security-defence-2024.pdf

Déi nei Strategie fir d‘Verdeedegungsindustrie ass de Moment an der Ausaarbechtung a wäert dës Secteure méi genee definéieren. Hei wäert op déi bestoend Stäerkten an Atoute vun der Lëtzebuerger Industrie gesat ginn, déi ënnert anerem an der Cybersécherheet an am Weltraumsecteur leien. Och aner Secteure wäerte berücksichtegt ginn, de Secteur vun der Verdeedegung ass aktuell am Ëmbroch an et ass dermat ze rechnen datt sech nei Opportunitéite kennen erginn. Doriwwer eraus lancéiert d’Regierung Opriff fir Fuerschung- an Entwécklungsprojeten am Beräich vun der Verdeedegungsindustrie, besonnesch fir Dual-Use Technologien, un d’Betriber, deen leschten war am Mäerz 2024 lancéiert ginn. D’Zil vun esou Opriff fir Projeten ass Synergien tëschent der Verdeedegung an anere Secteuren ze fërderen a Fuerschung- an d’Entwécklungsefforten unzestoussen. Esou gëtt déi Lëtzebuerger Industrie ënnerstëtzt fir d’Verdeedegungswäertkette vun der Europäescher Unioun z’integréieren an den nationalen Ekosystem vun der Verdeedegungs an Dual Use Industrie gëtt gestäerkt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...