Biodünger mit Würmern herstellen?

In der Schweiz hat ein Landwirt einen neuen Weg gefunden, biologischen Dünger mit Würmern herzustellen. Der DP-Abgeordnete Gusty Graas fragte bei den zuständigen Ministern nach, ob in Luxemburg bereits ein solcher Bio-Dünger mit Würmern hergestellt werde und welche Genehmigungsverfahren für die Einrichtung einer Wurmfarm gelten?

„An  der Schwäiz huet e Bauer eng nei Aart a Weis fonnt fir mat Wiermer biologeschen Dünger hierzestellen. Dobäi léist en a sengem Wuermstall Koumëscht op engem Mëschtstack verroten a verfiddert en uschléissend u seng Wierm. Esou entsteet en nährstoffräichen Humus, dee vill aktiv Mikroorganismen a Pilzer enthält an och besonnesch waasserspäichernt ass. Dëse Biodünger soll de Vitamin-C-Gehalt bei Geméis erhéijen an d’Rouse méi resistent géint Blaatleis maachen.

An deem Kader wollt ech d‘Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi ass d’Meenung vun de Ministeren zu esou engem Biodünger ? 
  • Ass de Ministere bekannt, ob och schonn zu Lëtzebuerg esou e Biodünger mat Wierm hirgestallt gëtt?
  • Falls ee Bauer interesséiert wier esou e Wuermstall opzeriichten fir Biodünger hierzestellen, wat fir Genehmigungsprozeduren missten do applizéiert ginn? 

Antwort

Wéi ass d’Meenung vun de Ministeren zu esou engem Biodünger?

Generell sief gesot, datt et Wierm ginn, déi biologeschen Dünger hierstellen. Mee net all Wierm si kapabel dës Zort Dünger ze maachen. Nëmmen verschidden « épigés »[1] Wierm (z.B. vun der Gattung Eisenia sp., wéi Eisenia foetida) kënnen dat maachen. Déi Wierm liewen an der Natur an organeschem Milieu (z.B. Mëschtekoup, Bëschhumus…) an ernäre sech vun doudegem organeschem Material dat se do fannen. D’Wierm zersetzen direkt d’organesch Materialien bei der Verdauung an och indirekt an dem si d’mikrobiologesch Aktivitéit (Pilzen a Bakteerien) ureegen. Dank dëser Zersetzung vum organeschen Material, ginn d’Närstoffer déi am Ursprungsmaterial sinn no an no disponibel fir Planzen gemaach. Duerch d‘Zersetzung entsteet aus deene Materialien e stabelen Humus mat villen Närstoffer.

D’Vermi-Kompostéierung (Vermicompostage oder Lombricompostage op Franséisch) ass eng Technik déi d’épigés Wierm notzt fir organesch Materialien ze zersetzen fir se als Dünger weiderzeverschaffen. Dës Technik ass no un der klassescher Kompostéierungstechnik, mee si huet keng thermesch Phas a brauch adaptéiert Wierm (déi klassesch Kompostéierung brauch keng Wierm). D’Vermi-Kompostéierung ass en natierlecht Verfaren, dat de Mënsch optimiséiert huet fir déi beschte Liewensbedingunge fir d‘Wierm ze schaafen (Temperatur: 15-25°C; héich Fiichtegkeet: 75-85%; pH: 6,5-8).

De Vermi-Kompost besteet haaptsächlech aus stabelen organeche Materialien (Humus), mat ville Närstoffer a ville Mikroorganismen (Pilzen a Bakteerien). E gudde Vermikompost ass en éischtklassegen Dünger fir Planzen, deen och an der biologescher Landwirtschaft benotzt kéint ginn.

Awer d’Proprietéiten vum Vermi-Kompost als organeschen Dünger sinn nach relativ onbekannt an hänke vun de benotzten organeschen Materialien of. Et ass awer unzehuelen, datt:

  • De Vermi-Kompost eng gläichwäerteg oder souguer eng méi staark Düngkraaft wéi aner organesch Düngeren (z.B. Mëscht, Kompost, Klärschlamm…) huet;
  • Seng Verwendung d’Planzenqualitéit an d’Planzengesondheet verbessert: d‘Planzen kéinten sech da besser géint Schädlingen behaapten (z.B. Blatlais) an méi Sekundärmetaboliten wéi Vitamin-C produzéieren (dëst ass awer nach net wëssenschaftlech nogewisen);
  • Den organesche Kuelestoff deen am Vermi-Kompost ass méi stabel ass wéi an frëschen Düngeren (z.B. Mëscht). Dat kéint gënschteg sinn – wéi beim klassesche Kompost-, fir d’organesch Kuelestoffstocken am Buedem ze erhéigen;
  • Dass de Vermi-Kompost, well en ouni thermesch Phas ofleeft, eng gréisser Biodiversitéit vun der Mikroflora am Kompost opweist ewéi den traditionellen Kompost, wat kéint gënschteg si fir d’Biodiversitéit am gedüngte Buedem.

Well de Vermi-Kompost keng thermesch Phase duerchleeft, ass en net hygieniséiert an kann doduercher geféierlech (z.B. Presenz vun Ereeger) fir d’Gesondheet vu Mensch an Déier, déi dem Produkt ausgesat sinn, sinn. Dofir ass et wichteg, den Vermi-Kompost, ewéi all anere Kompost och, viru senger Verwendung ze iwwerpréiwen. Dat ass zemools wichteg fir den Ubau vun Uebst a Geméis dat een kann réi iessen.

Wéi déi aner organesch Düngeren kann de Vermi-Kompost och Schadstoffer wéi Schwéiermetaller enthalen, also muss och dësen Aspekt iwwerpréift ginn.

Fir datt esou en organeschen Dünger als Produkt fir de Maart kann zougelooss ginn, ginn et 2 Méiglechkeeten:

–    entweder den Dünger passt an eis national Gesetzgebung, wat de Règlement grand-ducal modifié du 14 mai 1992 relatif au commerce des engrais et des amendements du sol ass. Hei ass d’Annexe VI Amendements organique du sol zoutreffend an de Produit hätt d’Dénominatioun « Amendement organique mélangé » oder « Amendement organique mélangé riche en matières organiques » wann op mannst 22% matières organiques dran enthale sinn oder;

–    et muss ee waarden, bis dat neit EU Reglement iwwert d’Dünger, de RÈGLEMENT (UE) 2019/1009 DU PARLEMENT EUROPÉEN ET DU CONSEIL du 5 juin 2019 établissant les règles relatives à la mise à disposition sur le marché des fertilisants UE, modifiant les règlements (CE) n° 1069/2009 et (CE) n° 1107/2009 et abrogeant le règlement (CE) n° 2003/2003 den 16 Juli 2022 a Kraaft trëtt. Och hei muss den Dünger an eng vun den « Catégories fonctionnelles de produits (PFC) » passen, an dësem Fall wär dat ’PFC 1.A Engrais organique’.

Fir datt deen Dünger no senger Zouloossung a vu senger Zesummesetzung hier kann am Bio-Landbau genotzt ginn, muss en dann nach vun enger unerkannter Bio-Kontrollstell als am Biolandbau asetzbar approuvéiert ginn, da kann dat och op d’Verpackung an z.B. op d’Promotiouns-Material stoe kommen. Dono kënnen da Biogärtner a Biobaueren dësen Dünger asetzen, wann et op hire Stécker néideg ass.

Beim Ausbréngen vum Dünger mussen d’Dispositiounen vum Règlement grand-ducal du 24 novembre 2000 concernant l’utilisation de fertilisants azotés dans l’agriculture agehale ginn. Dësen gëtt am Moment iwwerschafft fir ë.a. den Besoinen vun der europäescher Nitratdirektive an den Ziler fir Lëtzebuerg betreffend d‘Emissiounen vu Loftschadstoffer ugepasst ze ginn.

Onofhängeg vum Notzen vum Dünger muss een och d’Aspekter, déi seng Produktioun begleeden, consideréieren, fir kënnen eng belaaschtbar Ausso ze maachen, ob d’Produktioun vun sou engem Dünger net onerwënschten Ëmweltimpakter huet wéi z.B. d’Fräisetzung vun Treibhausgaser. Eng konkret Ausso dozou ass hei net méiglech, well sou Donnéen net virleien.

Ass de Ministere bekannt, ob och schonn zu Lëtzebuerg esou e Biodünger mat Wierm hirgestallt gëtt?

Der Ëmweltverwaltung ass keng Anlag am Land bekannt, an där duerch Vermi-Kompostage Dünger produzéiert gëtt.

Falls de Bauer interesséiert wier esou e Wuermstall opzeriichte fir Biodünger hierzestellen, wat fir Geneemegungsprozedure missten do applizéiert ginn?

Eng Kompostéirung vun organeschem Material ënnerläit der Commodo-Gesetzgebung (loi modifié du 10 juin 1999 relative aux établissements classés). Esou ass eng professionnel Kompostéierung no der Commodo-Nomenklatur (Règlement grand-ducal modifié du 10 mai 2012 portant nouvelles nomenclature et classification des établissements classes) eng Classe 4 wann se eng Kapazitéit vun manner wéi 1 Tonn den Dag huet, eng Classe 3 wann se eng Kapazitéit vun méi wéi 1 Tonn bis 15 Tonnen huet an eng Classe 1 wann se eng Kapazitéit vun 15 t huet. Des Weideren kéinten natierlech nach aner Geneemegungen (Waasser, Naturschutz) néideg sinn, jee nodeems, wou déi Anlag opgeriet soll ginn oder je nodeems, wat fir en Material agesat gëtt.

Déi benotzte Wierm mussen natierlech eenheemesch Zorten sinn, fir dass keng net heemesch Aarten zu Lëtzebuerg ageschleeft géinge ginn, déi fir eisen Ecosystem ee Problem kéinte ginn.

Natierlech kënnen och nach aner Autorisatiounen um Niveau vun der Infrastruktur an dem Bau néideg sinn.


[1] D’épigés Wierm sinn d’Wierm déi liewen nëmme un der Uewerfläch vum Buedem. Si ginn ni an d’Déift vum Buedem.

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Warum wurde der Rückruf von Atemgeräten erst so spät bekannt?

Im Juli 2021 rief ein Unternehmen seine medizinischen Atemgeräte weltweit zurück. Dieser Rückruf wurde jedoch erst Ende Oktober in Luxemburg bekannt gegeben. Der DP-Abgeordnete Gusty Graas hat bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, wer in einer solchen Situation für die Kommunikation mit den Betroffenen zuständig ist, warum die Information nicht rechtzeitig bekannt gegeben wurde und ob die Prozeduren unter Umständen angepasst werden müssten.

weiterlesen...

Werden zusätzliche Maßnahmen ergriffen, um die vielen Fälle von Bronchiolitis zu meistern?

Die hohen Zahlen von Bronchiolitis führen zu einer Überlastung der Pädiatrien. In Frankreich wurde auf nationaler Ebene der „Weiße Plan“ angekündigt, ein sanitärer Notfall- und Krisenplan, der die Funktionsfähigkeit von Krankenhäusern im Falle einer Epidemie verbessern soll.
Die DP-Abgeordneten Carole Hartmann und Gilles Baum wollten von der Gesundheitsministerin wissen, ob hierzulande zusätzliche Maßnahmen ergriffen werden, um die Gesundheitsversorgung unserer Kinder weiterhin zu gewährleisten und wie künftig eine Überlastung der Kinderstationen verhindert werden kann.

weiterlesen...

AMMD tritt aus dem Vorstand der Agentur eSanté aus

Die Mitglieder der AMMD sind aus dem Vorstand der Agentur eSanté ausgetreten. Die DP-Abgeordneten Carole Hartmann und Gusty Graas wollten von den zuständigen Ministern wissen, wie sie auf diesen Rücktritt reagieren, welche Auswirkungen dies auf die Arbeitsweise des Vorstandes haben wird und ob der Dialog mit der AMMD gesucht wird.

weiterlesen...