Chamberwalen 2023 : D’DP Osten proposéiert dem Comité Directeur hir 7 Kandidatinnen a Kandidaten

Haut den Owend huet de Bezierkscomité Osten dem Comité Directeur vun der DP seng 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. 

Déi regional Spëtzekandidaten sinn de Lex Delles an d’Carole Hartmann. Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 41 Joer.

  • Lex Delles, Spëtzekandidat, DP-Parteipresident, Minister fir Mëttelstand an Tourismus, 38 Joer, Munneref
  • Carole Hartmann, Spëtzekandidatin, DP-Generalsekretärin, Députée-Maire, Affekotin, 36 Joer, Iechternach
  • Gilles Baum, DP-Fraktiounspresident, Schäffen, 50 Joer, Jonglënster
  • Michel Gloden, Buergermeeschter, Beamten bei der Gesondheetskeess, 51 Joer, Schengen
  • Steve Reckel, Buergermeeschter, Privatbeamten, 46 Joer, Munneref
  • Ben Ries, Buergermeeschter, Professer, 39 Joer, Jonglënster
  • Claire Sertznig, Gemengeconseillère, Gestionnaire de Projets um Institut Viti-Vinicole, 29 Joer, Gréiwemaacher

Laut de Statutte vun der DP, ass et um Comité Directeur fir iwwer d’Virschléi aus de Bezierker ze befannen. Déi 60 Kandidaten an d‘Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer, am Atelier (54 Rue de Hollerich, Luxembourg) presentéiert.

Matgedeelt vun der DP Osten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...