D’Aung San Suu Kyi ass zu 4 Joer Prisong verurteelt ginn – wéi geet et elo weider am Myanmar?

De 6. Dezember ass d’Aung San Suu Kyi am Myanmar zu 4 Joer Prisong condamnéiert gi wéinst Ustëftung zu ëffentlechem Iergernes a well sanitär Moossnamen net sollen agehale gi sinn. Och aner Leader aus hirer Partei sinn ugeklot gi wéinst Korruptioun a Walbedruch. Dëst obwuel si d’Parlamentswale gewonnen haten. Wéi gesäit et den Ament am Myanmar aus, a wéi geet et op der Plaz weider. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

« Malgré la victoire de son parti aux élections législatives, l’ancienne dirigeante en Birmanie, Aung San Suu Kyi, avait été arrêtée lors du coup d’État de l’armée birmane en février 2021. Ce lundi 6 décembre 2021, inculpée pour incitation aux troubles et au « soulèvement », Aung San Suu Kyi fût condamnée à quatre ans de prison. Outre une violation des mesures sanitaires en temps de pandémie, l’ancienne dirigeante civile fait face à d’autres accusations telles, entre autres, la corruption et la fraude électorale. L’ancien président du Myanmar a également été condamné.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

  • Quelle est la situation politique actuelle au Myanmar ?
  • La communauté internationale juge-t-elle légitime le procès mené par la cour pénale de Naypyidaw ? Quelles conséquences pourraient, le cas échéant, être tirées de cette évolution ?
  • Quelle est l’attitude de Monsieur le Ministre face à ces procès ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...