Staatrot

D’DP proposéiert de Marc Meyers fir de vakante Posten am Staatsrot

De Comité directeur vun der Demokratescher Partei huet a senger Reunioun vum 17. Mäerz eestëmmeg decidéiert, der Regierung den Här Marc Meyers fir de vakante Posten am Staatsrot ze proposéieren.

De geléierten Dirigent ass zanter 2011 Direkter vum Stater Conservatoire an huet als Professer Trombone a Kammermusek enseignéiert. Do dernieft huet hien e Master an der Orchesterdirektioun ofgeschloss a “Nonprofit a kulturellt Management” studéiert. De Marc Meyers entsprécht soumat dem ausgeschriwwenem Profil vum Staatsrot.

D’Demokratesch Partei seet der Madamm Agnès Durdu Merci fir hire laangjäregen Engagement am Staatsrot, deen si déi lescht zwee Joer presidéiert huet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...