“Déierendoktere fir all” och hei zu Lëtzebuerg?

Am Frankräich hëlleft d’Initiativ “Vétérinaires pour tous” déi mam franséische Plan de relance weider gefërdert gëtt deene Leit, déi fir d’Traitementer vun hiren Hausdéieren net kënnen opkommen. Domat ass esouwuel dem Mënsch ewéi och dem Déier gehollef. Wat gëtt et hei zu Lëtzebuerg u Méiglechkeeten, a sinn änlech Initiativen hei am Land virgesinn. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

« En France, l’initiative ‘Vétérinaire pour tous’ est un réseau au service de la médecine vétérinaire solidaire. Jusqu’à présent, les vétérinaires offraient par moments leurs services à des prix réduits, s’ils estimaient que le propriétaire d’un animal ne pouvait pas supporter les frais d’un traitement.

Dans le cadre du programme d’aide national ‘France relance’, 4,5 millions d’euros sont destinés à aider les personnes défavorisées afin qu’ils puissent être en mesure de payer les factures de vétérinaires de leurs animaux de compagnie. Ainsi ils ne paient qu’un tiers de la note, le solde étant couvert par l’aide étatique ainsi que les vétérinaires solidaires. Cette initiative a comme but d’aider les plus démunis à avoir des animaux de compagnie, souvent source de réconfort et de veiller à ce que le bien-être animal de ceux-ci soit préservé.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

  • Quelles aides les personnes démunies et les SDF peuvent-ils recevoir au Luxembourg pour s’occuper de leurs animaux de compagnie, notamment en ce qui concerne la subvention de visites chez le vétérinaire ?
  • À l’instar de l’exemple français, est-ce que le Gouvernement prévoit de subventionner les visites vétérinaires au plus défavorisés dans le but de garantir le bien-être animal de tous les animaux ? »

Äntwert

Den Ament gëtt et keng spezifesch Aiden vum Landwirtschaftsministère fir Visitte beim Veterinär fir Leit mat manner finanzielle Moyenen oder Leit ouni fest Wunnsëtz. D’Regierung gesäit momentan net vir des Visitten ze subventionéieren, behält awer weider d’Wuelbefanne vun den Déieren am Aen. Déi eenzel Servicer setzen sech zesumme mat den Déiereschutzorganisatiounen dofir an.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...