Den Accord vun der Tripartite

Léif alleguer,

Wéi d’Regierung vum Premier Gaston Thorn an de 70er Joren d’Tripartite agefouert huet, hu wuel déi mannste Leit gegleeft, datt déi Ronn aus Regierung, Gewerkschaften a Wirtschaft 50 Joer dono nach ëmmer esou eng wichteg Roll spille géing.

Fir d’DP stoungen dräi Theme bei der leschter Tripartite am Mëttelpunkt: d’Kafkraaft, d’Kompetitivitéit an d’Energiekris.

Et geet drëms

  • dass de Portmonni mat der Inflatioun mathale kann;
  • dass d’Ekonomie staark genuch ass an d’Betriber fonctionéiere kënnen;
  • an dass d’Leit ënnerstëtzt ginn, fir manner fossil Energie ze verbrauchen.

All Euro, dee mir haut an alternativ Technologien investéieren, mécht eis muer manner ofhängeg a vulnerabel.

Dofir begréisst d’DP déi méi héich Hëllefe fir d’Installatioun vu Wärmepompelen a scho besteeënde Gebaier, déi réckwierkend op den éischte Januar a bis Mëtt vum anere Joer gëllen. De Montant klëmmt ëm 2.000 op 12.000 Euro.

D’Ënnerstëtzung fir déi energeetesch Sanéierung geet och an d’Luucht. Dat ass gutt fir d’Léit a fir déi kleng a mëttel Betriber, déi an deem Beräich schaffen.

Donieft kënnt vun 2027 un de leasing social, deen et Léit mat méi klengem Akommes erlaabt och op elektresch Autoe kënnen ëmzeklammen .

Lassgeléist vun der Tripartite solle mer och kucken, fir deemnächst d’Aidë bei de Photovoltaikanlagen a bei den elektreschen Autoen nach eemol z’iwwerschaffen.

À propos Betriber; am Accord sinn zäitweileg Aidë virgesinn, esou wäit et vun der EU acceptéiert ass. Dat gëllt zemol fir Entreprisen, déi extra ënnert den héijen Energiepräisser leiden.

D’Bauerewiesen iwwerdeems kritt z.B. Hëllef beim deieren Dünger, bei de Biogas-Anlagen oder beim roude Mazout. Interessant ass och d’Iddi, fir déi direkt Agrarhëllefe vun der EU am viraus ze bezuelen.

Als DP ware mir vun Ufank un dovunner iwwerzeegt, datt d’Tripartite misst dozou bäidroen, fir de soziale Fridden am Land ze garantéieren. Dofir och d’Erhéijung vum Mindestloun an déi substantiell Hëllef vun 11,3 Cent de Kilowatt beim Stroum a vu 15 Cent de Kubikmeter beim Gas. Dobäi kënnt nach eemol eng Kompensatioun vu 15 Cent de Liter beim Heizungsmazout. Net ze vergiessen, datt déi ëffentlech Hand 5 Cent de Liter beim Bensinn a beim Mazout op der Tankstell iwwerhëlt.

Schliisslech gouf e Steierkredit decidéiert, deen enger Upassung vum Steierbarème un eng Indextranche entsprécht.

Léif alleguer,

Dëst si just e puer Mesuren aus dem sougenannte Resilienzpak vun der Tripartite, fir de Leit hei am Land duerch d’Kris ze hëllefen. Et muss een natierlech ofwaarden, ob d’Moossnamen eventuell mussen ugepasst oder verlängert ginn, well kee Mënsch ka viraussoen, wéi déi international Situatioun sech weider entwéckelt.

Fir d’DP wor et awer richteg a wichteg de Leit an de Betriber esou séier an direkt wéi méiglech ënnert d’Ärem ze gräifen. An datt d’Tripartite erëm dat ass, firwat de Gaston Thorn se geschafen huet. En Instrument, dat Lëtzebuerg zesummenhält.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm de positive Bilan a puncto Energiepolitik, d’Notze vun ëffentleche Daten, d’Lëtzebuerger Satellitekapazitéiten an d’Tripartite.

weiderliesen...