Méi Léiergeld, méi Perspektiven

D’Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg gëtt finanziell opgewäert: Mat engem neie Gesetz stäerkt d’Chamber d’Léiermeedercher a -bouwen, ënnerstëtzt d’Betriber a valoriséiert d’Engagement vun den Ausbilder. D’Reform vum Educatiounsminister Claude Meisch soll méi Jonker an de Beruff bréngen an de Betriber hëllefen, déi néideg Fachleit auszebilden.

Fir d’DP-Deputéiert a Rapportrice Barbara Agostino spillt d’Beruffsformatioun eng duebel Roll.

„Si erméiglecht ville jonke Leit en direkten a qualitativ héichwäertegen Accès op den Aarbechtsmaart an hëlleft gläichzäiteg de Betriber, qualifizéiert Fachleit auszebilden, déi si an hire Betriber brauchen.“

Bis elo huet d’Léiergeld staark vun der gewielter Ausbildung ofgehaangen. Mam neie System ginn d’Indemnitéiten erhéicht an harmoniséiert. Déi nei Mindestbeträg leien, jee no Ausbildung, Ausbildungsjoer a Fortschrëtt, bei 45 bis 60 Prozent vum soziale Mindestloun fir net qualifizéiert erwuesse Salariéen. Bei den dräijärege CCP-Ausbildunge sinn et 45, 50 a 60 Prozent. Beim DAP an DT klëmmt de Mindestbetrag vu 45 op 60 Prozent, wann d’Léiermeedchen oder de Léierbouf den Tëschenexame vum Projet intégré intermédiaire gepackt huet. D’Léiergeld passt sech automatesch un d’Entwécklung vum Mindestloun un.

Dobäi soll kee finanziell verléieren: Fir verschidde Formatioune mat méi héijen Indemnitéite bleift e spezielle Regimm bestoen. Och bei den aktuelle Léierverträg bleift de méi favorabele Betrag erhalen. Fir datt déi méi héich Indemnitéiten d’Betriber net zousätzlech belaaschten, iwwerhëlt de Staat ënner bestëmmte Konditiounen den Ënnerscheed tëscht den alen an den neie Beträg.

Eng gutt Ausbildung lieft och vun de Leit, déi hiert Wëssen am Betrib weiderginn. Si begleeden d’Apprentien am Alldag an iwwerhuelen eng wichteg pedagogesch Verantwortung. Dofir gëtt eng Encadrementsprimm vu 750 Euro d’Joer pro Léiervertrag agefouert. Déi Primm gëtt am Verhältnis zur Dauer vum Kontrakt berechent a kann tëscht verschiddenen Ausbilder opgedeelt ginn.

„Déi Aarbecht gëtt mat dësem Gesetz endlech och finanziell unerkannt.“

Zousätzlech verbessert d’Reform de Suivi vun de Praxisverträg fir Formatiounen, déi nieft dem Beruff gemaach ginn, a schaaft e klore Kader fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog an der Stad

Wéi maache mir Lëtzebuerg fit fir muer? Déi Fro stoung e Méindeg, den 23. November 2026 am Mëttelpunkt vum leschten Diskussiounsowend vun der DP uechter d’Bezierker, déi Kéier am Ciné Utopia um Lampertsbierg.

weiderliesen...

Am Dialog zu Esch

E gutt gefëllte Sall am Kinepolis, vill aktuell Themen an den direkten Austausch mat de Biergerinnen a Bierger. En Dënschdeg, de 17. November 2026 war de Motto um Belval: „Wéi schafe mir fair Chancë fir jiddereen?“

weiderliesen...