Wéi maache mir Lëtzebuerg fit fir muer? Déi Fro stoung e Méindeg, den 23. November 2026 am Mëttelpunkt vum leschten Diskussiounsowend vun der DP uechter d’Bezierker, déi Kéier am Ciné Utopia um Lampertsbierg. De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, d’Ministesch Stéphanie Obertin an d’Deputéiert Corinne Cahen, Lydie Polfer, Guy Arendt, Patrick Goldschmidt a Gérard Schockmel waren do fir e konstruktiven Dialog mat de Biergerinnen a Bierger. De Sam Elsey vun de Jonk Demokraten huet moderéiert.

De Xavier Bettel huet virop ënnerstrach, wéi wichteg et ass, d’Suergen aus dem Alldag eescht ze huelen. Ob Energiepräisser, Sécherheet oder Pensiounen: Politik misst nolauschteren, Léisunge sichen a Verantwortung iwwerhuelen, och wann déi fälleg Decisiounen net ëmmer populär wieren.

„Ech wëll net an engem Land wunnen, wou d’Leit sech Enn des Mounts froen: packen ech et oder packen ech et net?“ – Xavier Bettel

D’Mesurë vun der Tripartite géife weisen, datt d’Regierung an d’Sozialpartner och bei ënnerschiddlechen Interessen zesumme Léisunge fannen. Dobäi dierften d’Entlaaschtung vun de Stéit an d’Verantwortung fir déi nächst Generatiounen net géinteneen ausgespillt ginn.

Eng modern Verwaltung, déi jidderee mathëlt

Fir d’Ressortministesch Stéphanie Obertin muss d’Digitaliséierung virun allem d’Liewe vun de Beschäftegte méi einfach maachen. Op Guichet.lu hëlleft ewell en digitale Sproochassistent, fir déi richteg Informatiounen ze fannen. Op MyGuichet.lu iwwerdeems ginn ëmmer méi Demarchë schonn duerch disponibel Donnéeë vereinfacht, zum Beispill beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.

Gläichzäiteg misst déi perséinlech Hëllef erhale bleiwen. D’Ministesch huet e mobille Guichet ugekënnegt, deen duerch d’Land fuere wäert, fir de Leit bei hiren Demarchen ze hëllefen. De Bureau an der Stad bleift bestoen a kritt eng Antenn op der Gare.

D’Stéphanie Obertin huet weider erkläert, wéi Donnéeën, kënschtlech Intelligenz a Quantentechnologien d’Fuerschung an d’Wirtschaft kënne virubréngen. Dobäi misst Lëtzebuerg d’Kontroll iwwer seng sensibel Donnéeë behalen. De Staat géif dofir op geséchert Infrastrukturen am Land setzen. Och beim Asaz vu kënschtlecher Intelligenz wier dës digital Souveränitéit eng Prioritéit. Ënner anerem duerch de Partenariat mat Mistral AI, enger franséischer Entreprise, déi och op den ëffentleche Secteur spezialiséiert ass.

„Wann een d’Daten an enger éischter Phas ophëlt, dann hu se e Wäert. Mee wann een se eng zweete Kéier benotzt, hu se nach méi Wäert.“ – Stéphanie Obertin

Eng Stad, an där ee gutt liewe kann

D’Deputéiert Corinne Cahen huet de Klimaschutz mat der Liewensqualitéit an der energeetescher Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg verbonnen. Mat enger eegener Stroumproduktioun, zum Beispill duerch Photovoltaik, géif d’Ofhängegkeet vu fossillen Energien erofgoen. Méi Beem, Gréngflächen a manner versigelt Biedem géifen d’Stied an d’Gemenge besser op d’Hëtzt preparéieren. An déi Beem, déi muer solle Schied ginn, missten haut geplanzt ginn.

D’Stater Schäffen huet och d’Onofhängegkeet am perséinleche Liewen an de Mëttelpunkt gestallt. D’Politik misst et de Leit méi einfach maachen, Beruff a Famill ënnert een Hutt ze kréien a fir finanziell op den eegene Been ze stoen. Als Beispill huet si d’Reform vum Congé parental genannt, duerch déi vill méi Pappe kënne vun där Mesure profitéieren. Och méi flexibel Aarbechtszäitmodeller kéinten hëllefen, de verschiddene Phasen an engem Liewe Rechnung ze droen, wann d’Salariéen dat wëllen. D’DP hätt sech dofir déi lescht 13 Joer an der Regierung ëmmer fir eng modern Gesellschaftspolitik agesat.

„Wa mer weider solidaresch bleiwe wëllen, da musse mer eng Politik maachen, wou jidderee sech dran erëmfënnt: souwuel d’Patronen ewéi d’Salariéen an d’Independanten.“ – Corinne Cahen

D’Stater Députée-maire Lydie Polfer huet d’Erausfuerderunge vun enger Stad beschriwwen, där hir Bevëlkerung an zéng Joer ëm bal een Drëttel gewuess ass. Méi Wunnenge wieren néideg, mee och Schoulen, Sportsinfrastrukturen a Plazen, wou d’Leit sech begéine kënnen.

Beim Logement géif d’Stad massiv investéieren: an eege Bauprojeten, an Terrainen an an de Kaf vu Wunnengen um Plang. Mat deene VEFA-Projete kéinte Bauprojete fäerdeg gemaach ginn, déi soss net virukéimen, well d’Leit kee Vertrauen hunn an dofir net kafen. Besonnesch jonk Leit missten an der Stad eng Plaz fannen, fir hiert Liewen opzebauen.

D’Lydie Polfer huet och dat gutt Zesummeliewen an enger Gemeng ervirgehuewen, an där ronn 70 Prozent vun den Awunner keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Gemeinsam Schoulen, Sport a Kultur géifen dozou bäidroen, deen Zesummenhalt ze stäerken.

Fräiheet brauch Sécherheet

D’Sécherheet am ëffentleche Raum war en anere Schwéierpunkt. D’Lydie Polfer huet fir eng enk Zesummenaarbecht tëscht Police, Justiz, Gesondheets- a Sozialservicer plädéiert. Méi Policepresenz misst duerch eng effikass Justiz an eng konsequent Poursuite vu Strofdoten ergänzt ginn.

Gläichzäiteg bräichte Mënsche mat enger Ofhängegkeet oder psychiatresche Problemer eng ugepasste Betreiung. D’Stad géif dofir och an de soziale Suivi an an Opfangstrukturen investéieren. Hëllef fir vulnerabel Mënschen an d’Bekämpfung vun der organiséierter Drogekriminalitéit missten zesummegeduecht ginn.

„Ouni Sécherheet gëtt et keng Fräiheet. Deen, dee muss fäerten, dee fillt sech net méi fräi.“ – Lydie Polfer

An der zweeter Hallschent vum Owend huet den Deputéierte Guy Arendt erkläert, wéi Klimaschutz a wirtschaftlech Entwécklung zesummegehéieren. Betriber bräichte finanziell Ënnerstëtzung an einfach administrativ Weeër, fir méi nohalteg ze schaffen. Och d’Landwirtschaft kéint duerch Agri-Photovoltaik zur Energietransitioun bäidroen, wou dat sënnvoll ass. D’Liewensmëttelproduktioun misst dobäi prioritär bleiwen.

Bei der Diversifikatioun vun der Wirtschaft huet de Guy Arendt op kënschtlech Intelligenz, Raumfaart a Verdeedegungstechnologië mat zivillen Applikatioune verwisen. Lëtzebuerg géif nei Secteuren erschléissen, Startuppen ënnerstëtzen a qualifizéiert Leit unzéien. Genee esou wichteg wier et, déi Talenter laangfristeg am Land ze halen.

„Et geet net duer, dass mer se heihinner kréien an da si se op eemol erëm fort. Mir mussen se fideliséieren, mir mussen se hei zu Lëtzebuerg halen.“ – Guy Arendt

Eng Steierreform, déi sech dem Liewe vun de Leit upasst

Den Deputéierten a Steierexpert Patrick Goldschmidt huet déi eenheetlech Steierklass U presentéiert, déi vun 2028 u gëllt. Eng laangjäreg Fuerderung vun der DP. D’Grondstruktur vum aktuelle Steiersystem ass aus dem Joer 1967. Zanterhier hätten sech d’Liewensformen a besonnesch d’Roll vun der Fra an der Gesellschaft fundamental verännert. D’Besteierung misst där Realitéit Rechnung droen.

D’Individualiséierung géif bedeiten, datt de Familljestand net méi ausschlaggebend fir d’Besteierung ass. An datt den Doud vum Partner net zu enger zousätzlecher steierlecher Belaaschtung féiert. De Patrick Goldschmidt huet besonnesch op d’Virdeeler fir d’Leit an der aktueller Steierklass 1 higewisen, dorënner vill Jonker um Ufank vun hirem Beruffsliewen. De steierfräie Grondbetrag géif substanziell klammen. A fir déi, déi am ale System besser ewechkommen, wier eng Iwwergangsphas vu 25 Joer virgesinn. Och vill Leit aus der aktueller Steierklass 2 géife vum neie Barème profitéieren.

Op eng Fro aus dem Public iwwer d’Finanzéierung vun den ëffentlechen Investitiounen huet hien ënnerstrach, datt déi annoncéiert Projete weider finanzéiert solle ginn. Den Ausbau vum Tram, nei Schoulen a Sportsinfrastrukture géifen duerch d’Reform net a Fro gestallt. Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt méi Akommes och d’Consommatioun an d’Investitiounen ënnerstëtzt an domat nees Recettë generéiert.

„D’Leit kréien déi Suen zeréck a mat deene kënne se consomméieren. […] A wann d’Leit méi hunn, da kënne se déi méi ausginn.“ – Patrick Goldschmidt

An der Froeronn huet e Schüler vu Beggen de Stau, d’Verspéidunge vun de Bussen an déi sëllege Chantiere kritiséiert. De Patrick Goldschmidt huet erkläert, datt d’Bussen op ville Strecke vum normalen Trafic ofhängeg bleiwen, well et net iwwerall separat Busspuere gëtt. De Schüler huet nogefrot, firwat d’Aarbechten net besser koordinéiert ginn. De Patrick Goldschmidt huet ënnerstrach, datt den Timing vun de Chantieren dacks vun den Aarbechten un der Kanalisatioun an un de Gas- a Stroumleitunge matbestëmmt ginn. Hien huet de Frust iwwer déi vill Baustelle gedeelt, awer och erkläert, firwat net all Aarbecht kann op spéider verréckelt ginn.

Digital Sécherheet a konkret Suergen am Alldag

Den Deputéierte Gérard Schockmel huet sech fir eng Stäerkung vun der ambulanter Medezin ausgeschwat. Nieft de Spideeler bräicht et e gutt verdeelt Netz vu Praxissen, an deenen d’Leit méi einfach bei den Hausdokter oder de Spezialist kommen. Dokteschgesellschafte sollen d’Zesummenaarbecht erliichteren an et erméiglechen, méi Behandlungen an Agrëffer baussent dem Spidol unzebidden.

„Mir schafen e gesetzleche Kader. Mir schafen eng gewësse Sécherheet. An op déi doten Aart a Weis wëlle mer dat, wat ambulant ass, stäerken.“ – Gérard Schockmel

Fir d’Urgencen z’entlaaschten, huet hien och fir méi Diagnosen ausserhalb vum Spidol plädéiert. Dat misst fir Consultatiounen an och fir Analysen a radiologesch Ënnersichunge méiglech sinn.

Eng Fro aus dem Public huet d’Sproochbarrièren am Spidol betraff. De Gérard Schockmel huet ënnerstrach, datt digital Iwwersetzungshëllefen an d’KI d’Verstännegung tëscht de Patienten an dem Gesondheetspersonal verbessere kéinten.

Hien huet duerno d’Gefore vu Cyberattacken opgegraff. Et géif net nëmmen ëm geklauten Donnéeë goen, mee och ëm d’Erpressung an d’Läme vu wichtegen Infrastrukturen. Nieft dem Staat missten dofir och d’Gemengen, kleng Betriber an d’Biergerinnen a Bierger besser geschützt ginn. Méi staark Sécherheetsexigencen, international Zesummenaarbecht an d’Sensibiliséierung fir Bedruch wiere wichteg Bestanddeeler dovunner.

E méi selbststännegt Europa

No enger Fro aus dem Public huet de Xavier Bettel fir méi europäesch Zesummenaarbecht an der Verdeedegung a fir eng gemeinsam Sécherheetsindustrie plädéiert. National Interessie géifen ze dacks verhënneren, datt Europa seng Mëttel ka méi effikass asetzen.

Méi Autonomie géif dobäi keng Isolatioun bedeiten. Europa misst fäeg sinn, seng Sécherheet a säin Interêt besser ze vertrieden. Wéi bei de Froen aus dem Alldag géif et och hei drëms goen, fir Verantwortung ze iwwerhuelen a fir konkret Léisungen ze fannen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Esch

E gutt gefëllte Sall am Kinepolis, vill aktuell Themen an den direkten Austausch mat de Biergerinnen a Bierger. En Dënschdeg, de 17. November 2026 war de Motto um Belval: „Wéi schafe mir fair Chancë fir jiddereen?“

weiderliesen...