D’Laude vu Kiercheklacken

Klacke gehéieren ouni Zweiwel zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg. A Frankräich gëtt et esouguer eng Initiative fir d'Laude vu Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine klasséieren ze loossen. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt. A senger parlamentarescher Fro wëll hien ënnert anerem wëssen ob d'Madamm Ministesch wëlles hätt d'Laude vun de Kiercheklacken op nationalem Plang als immaterielle Patrimoine schützen ze loossen.

Déi eelste Klack vu Lëtzebuerg, datéiert aus dem Joer 1440, ass vun Uewerdonwen an 2016 fir d’lescht gelaut ginn. Klacke gehéieren ouni Zweiwel zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg. Queesch duerch Europa an duerch eist Land gëtt et net nëmme Kiercheklacken. A ville Länner laude Klacken haut nach am Fall vu Gefor, vu Stuerm, vun engem Brand, fir national a weltwäit Trauer auszedrécken oder einfach nëmme fir d’Auerzäit unzekënnegen. 

An Däitschland ass d’Gloriosa (1497), déi an engem vun den Tierm vum Doum zu Erfurt hänkt, déi gréisste mëttelalterlech Klack op der Welt, déi fräi schwéngt an déi vun hirem Klang hir zu deene schéinsten an Europa gehéiert.

D’Laude vun de Klacken zu verschiddenen Dageszäiten, awer och am Ufank an eventuell och um Enn vun de reliéisen Déngschter oder einfach als Péis gehéiert zum gewinnte Klangraum vun eisen Uertschaften, besonnesch am ländleche Raum.

A Frankräich gëtt et eng Initiativ, déi ënner anerem drop rausleeft fir d’Laude vun de Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine klasséieren ze loossen an en op d’Lëscht vun der Unesco setzen ze loossen. Sou wäit muss ee vläicht net direkt goen, ma et wier awer gutt, wann ee mol fir d’éischt en nationale Klassement kéint virgesinn. 

An deem Kontext wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen: 

  1. Gëtt et e geneeë Regëster an deem all historesch relevant Klacke vum Land repertoriéiert a beschriwwe sinn?
  2. Wéi vill Klacken si mëttlerweil als Deel vun eisem kulturelle Patrimoine geschützt? Wéi vill sollen der nach geschützt ginn – zemol wa Kierchen desakraliséiert ginn?  
  3. Gräift de Kulturministere op de Rot vun Experten aus dem Ausland zréck fir historesch Klacken zu Lëtzebuerg schützen ze loossen?
  4. Huet d’Madamm Ministesch wëlles d’Laude vun de Kiercheklacken op nationalem Plang als immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg schützen ze loossen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi geet et mam Stolwierk zu Diddeleng virun?

No de rezente Revelatioune vun der “Financial Times”, dass et beim Mammegrupp vu Liberty Steel zu dubiéise finanziellen Praktike komm wier, wouduerch eventuell nei Investoren ofgeschreckt kéinte ginn, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister no, inwéifern dës en Afloss op de Standuert Diddeleng hunn an ob hien d’Meenung vun de Gewerkschaften deelt, dass de Staat finanziell intervenéiere misst.

weiderliesen...
Frachtschëff Transportschëff

D’Kreatioun vum Istanbul Kanal

D’Pläng fir d’Kreatioun vum neie Schëfffaartskanal deen d’Mëttelmier an d’schwaarzt Mier soll verbannen, hunn national an international fir Kritik gesuergt. Laut dem kierzlech verëffentlechten oppene Bréif, dee vun 104 pensionéierten Offizéier, géif dës Schafung géint d’Montreux Konventioun verstoussen. An deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Ënner anerem wéilt hie gäre wëssen ob dës Constructioun wierklech géint d’Bestëmmunge vun der Montreux Konventioun verstéisst a wat déi international Konsequenze wäerte sinn.

weiderliesen...