Eng modern Steierreform, déi eiser Zäit entsprécht

Eent vun de groussen Uleies vun der DP ass et, fir d’Kafkraaft vun iech – de Biergerinnen a Bierger – hei am Land ze stäipen. An dofir hu mer och an der lescht erëm kloer d’Weichen an déi Richtung gestallt. Esou ass d’Steiertabell Ufank vum Joer ëm zwou an eng hallef Indextranchen ugepasst, de Mindestloun ass steierfräi, an d’Energieprimm ass verdräifacht ginn.

D’DP steet hannert all deenen Efforten, fir de Pouvoir d’achat an domadder d’Consommatioun hei am Land ze stäerken.

An déi Richtung geet och déi grouss Reform, fir d’Steierklassen, wéi mer se bis elo kannt hunn, ofzeschafen an duerch eng eenzeg Steierklass z’ersetzen.

Déi nämmlecht Steierklass fir jiddereen; dat ass eng ganz laang Fuerderung vun der DP, déi elo endlech Realitéit gëtt. D‘Steierindividualiséierung stoung schonn 2013, 2018 an 2023 an eisem Walprogramm.

D’Viraarbechten si vun de Finanzministere Pierre Gramegna a Yuriko Backes gemaach ginn.

Ma firwat soll et an Zukunft nëmmen nach eng eenzeg Steierklass zu Lëtzebuerg ginn? D’DP ass fest dovunner iwwerzeegt, datt e moderne Steiersystem – also déi kommend nei Steierklass R -der Villfalt an der Realitéit vun eiser Gesellschaft entsprécht. D’Zesummeliewe vun de Leit huet sech an de leschte Joerzéngte grondleeënd geännert. Mir mussen dofir endlech der Manéier Rechnung droen, wéi d’Leit haut liewen.

Et wäert deemno egal sinn, ob dir bestuet, gepacst oder gescheet sidd, ob dir eleng lieft, respektiv, ob dir Wittmann- oder Wittfra sidd. An engems gëtt de System an Zukunft méi Stabilitéit, well d’Steierklass sech och net ännert, wa Leit sech trennen, scheeden oder bestuet ginn.

An der neier Steierklass R, déi soll vun 2028 un applizéiert ginn, gëtt jiddereen d’nämmlecht besteiert, onofhängeg vu sengem Familljestand. Mir wäerten dofir suergen, datt keen eppes verléiert. Dofir ass eng Iwwergangsphas vun en ettleche Joer  virgesinn.

Fir d’DP ass et besonnesch wichteg, datt d’Famillje mat Kanner weider ënnerstëtzt ginn. Esou ginn déi Leit, déi keng Steiere bezuelen, net diskriminéiert an dat suergt fir méi sozial Gerechtegkeet. A well d’Kanner net méi an de Steierklasse berücksichtegt ginn, wëlle mir, datt d’Kannergeld gehéicht gëtt an och soss konkret Mesurë geholl ginn, fir de Leit zousätzlech ënnert d’Ärem ze gräifen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...