Eng Steierreform, déi jidderengem eppes bréngt.

D’DP setzt sech zanter laangem fir d’Individualiséierung vun der Besteierung an. Déi Reform, déi och am Koalitiounsaccord steet, gëtt elo endlech lancéiert, wat mir ausdrécklech ënnerstëtzen.

Déi eenheetlech Besteierung wäert d’Liewe méi gerecht maachen: Fir de jonke Single, deen an d’Beruffsliewe start. Fir d’Koppel, déi eng Famill grënne wëll. Fir déi elengerzéiend Mamm an och fir de Mënsch, deen nom Dout vum Partner op sech eleng gestallt ass.

Déi nei, vill méi einfach a gerecht Besteierung wäert et jidderengem erlaben, säi Liewe besser ze plangen an esou d’Villfalt vun eiser Gesellschaft erëmspigelen. Kee bestëmmte Liewensmodell a keng Liewenssituatioun ginn dobäi favoriséiert. Et muss och kee méi fäerten, duerch de Wiessel an eng aner Steierklass a Schwieregkeeten ze geroden.

Déi grouss Piste vun der Steierreform, déi haut an der Finanzkommissioun vun der Chamber virgestallt gi sinn, sinn d’Suite vun der konsequenter Linn, déi d’DP scho jorelaang an deem Dossier vertrueden huet.

Grouss Reforme brauchen eng Visioun, ma och de richtegen Ament fir an d’Realitéit ëmgesat ze ginn.

D’Ziler vun der Steierreform sinn:

  • eng eenheetlech Steierklass fir all Mënsch,
  • eng däitlech Vereinfachung op administrativem Niveau,
  • eng laang Iwwergangsperiod, fir dass keen eppes muss bäileeën.

Eis Kanner musse bei dëser Gesellschaftsreform am Mëttelpunkt stoen. Dofir ënnerstëtzt d’’DP jidder Efforten, fir dass iwwer d’Individualiséierung eraus nach eppes fir Famillje mat Kanner gemaach gëtt.

Well et ëm muer geet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...