Haut de Moien hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA, déi zanter e puer Joer scho mat hiren 10.000 Memberen net nëmmen de Finanzsecteur ofdeckt.

D‘Haaptsujeten, déi diskutéiert goufen, waren déi wichteg Roll vun de Grenzgänger, d‘Attraktivitéit vun eisem Aarbechtsmaart, d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem an de wirtschaftleche Wuesstum vun eisem Land. D’Wichtegkeet vum Sozialdialog gouf dann och nach eng Kéier ënnerstrach. Et géif bei alle wichtege Froen drëm goen, nohalteg Léisungen ze fannen, déi souwuel eiser Wirtschaft ewéi och de Salariéen zegutt kommen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...

Méi Schutz a Verantwortung am Sport

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert Mandy Minella dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Ethik-Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

weiderliesen...