Essentiel Roll vum Staat an der Ekonomie

D’Roll vum Staat an der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land war de 16. Juni 2026 d’Theema vun enger Interpellatioun an der Chamber.

Den DP-Deputéierten André Bauler huet a senger Interventioun d’Bedeitung vum Staat an eiser Ekonomie ënnerstrach, deen z.B. mat knapp 1,2 Milliarden Euro u 45 private Firme bedeelegt ass. Dorënner d’Cargolux, Lux-Airport, Arcelor-Mittal an d’SES. Wann een d’Parte bei der Post, der CFL an der Spuerkeess matzielt, da sinn et souguer iwwer zwou Milliarden Euro.

Eist Land huet sech wéinst senger Gréisst ëmmer missen a méi grouss wirtschaftlech Raim integréieren an ass staark vu sengen Noperen a vum europäesche Bannemaart ofhängeg. De Staat géing an esou engem Ëmfeld de Kader fir en dynameschen an attraktive Wirtschaftsstanduert setzen, esou de Vizepresident vun der parlamentarescher Finanzkommissioun, deen d’Haaptursaache fir eng raisonabel staatlech Interventioun opgezeechent huet. Et geet drëm fir:

  • eng gewësse Resilienz opzebauen, fir extern, onerwaarte Schocken ofzefiederen;
  • déi finanziell Sécherheet a Kafkraaft z’erhalen;
  • déi makroekonomesch Stabilitéit duerch en aktiven, budgetäre Pilotage ze sécheren;
  • d’Wirtschaft a méi schlechten Zäiten oder an engem strukturelle Wandel ze stimuléieren an z’ënnerstëtzen.

Duerch eng virsiichteg budgetär Approche géing den Zentralstaat och eng essentiel Roll beim Bäibehale vum Triple-A spillen, dee ganz wichteg fir den Erfolleg vun eiser Finanzplaz a fir d’Vertraue vun den Investisseuren an eis Wirtschaft wier, esou de Vizepresident vun der Chamber a senger Interventioun.

De Staat setzt och d’Jalonen, fir d’Ekonomie ze diversifiéieren. Esou eng strategesch Nischepolitik huet schonn dacks fir den Opbau vun neie Secteure gesuergt.

D’Roll vum Staat huet sech am Laf vun der Zäit staark verännert. Mat sengen Interventiounen huet de Staat ëmmer fir eng Stabiliséierung vun der wirtschaftlecher Situatioun gesuergt. Beispiller sinn d’Stolkris an den 1970er Joren, d’Finanzkris vun 2007/2008 an d’Corona-Pandemie. Och wann déi Hëllefe ganz vill Sue kascht hunn, sou hu si awer gehollef, datt déi national Wirtschaft net zesummegebrach ass.

Eng weider Schrauf, mat där de Staat d’Ekonomie stäipe kann, ass d’Fiskalitéit, déi ëmmer erëm ugepasst gëtt an d’Land méi attraktiv mécht. Dat gëllt och fir d’Moossnamen, déi dozou bäidroen, fir auslännesch Spezialisten an d’Land ze bréngen, op déi eis Wirtschaft ugewisen ass.

Fir den André Bauler spillt de Staat awer net just d’Roll vun engem Regulateur oder engem Stabilisateur, ma kann och mat engem performante Verwaltungsapparat a mat modernen Infrastrukture fir e gudde Kader suergen.

De Staat steet also net am Géigesaz zum fräie Maart, ma hien definéiert de Kader, an deem déi privat Initiativ sech entwéckele kann, esou de Constat vum André Bauler. Gläichzäiteg soll de Staat do aktiv ginn, wou déi privat Efforten net duer ginn. E pertinent Beispill ass do de Logement.

D’Roll vum Staat an eiser Wirtschaft ass a bleift deemno e spannend an héichaktuellt Theema, besonnesch an enger sou klenger Ekonomie wéi déi vu Lëtzebuerg.

Et ass eng Fro vu Stabilitéit, vu Sécherheet, vun Effikassitéit a vun Attraktivitéit.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm de positive Bilan a puncto Energiepolitik, d’Notze vun ëffentleche Daten, d’Lëtzebuerger Satellitekapazitéiten an d’Tripartite.

weiderliesen...