Afterwork mam Familljeminister Minister Max Hahn
Location
Date
- 25 Sep 2024
- Expired!
Time
- 19:00 - 21:00
Den Afterwork mam Max Hahn ass e Mëttwoch, de 25. September um 19 Auer am Café Independent an der Stad (vis-à-vis vum Hëlleg-Geescht-Parking).
D’Gemenge spillen eng wichteg Roll an de Familljen- an Integratiounspoliticken: An deem Sënn mécht de Max iech den Iwwerbléck iwwer d’Roll vun de Gemengen, iwwert déi staatlech Hëllefe bei der Aarmutsbekämpfung, iwwer d’Inklusioun, d‘Zesummeliewen an eiser Gesellschaft, d‘Ënnerbréngung vun de Flüchtlingen an iwwer d‘Politicke fir déi eeler Leit. Duerno kënne mir eis bei engem Patt besser kenneléieren.
E Mëttwoch ass den éischte vun enger Serie u Rendez-vousen, bei deenen dir iech an engem labbere Kader austauschen an informéiere kënnt.
Mellt iech wgl. un.