DP Hesper – Wäin a Kéisowend

Date

24 Oct 2025

Time

19:00 - 23:00

🧀🍷 DP Hesper Wäin- a Kéisowend 2025

D’Hesper DP invitéiert Iech häerzlech op en genësserlechen Owend mat exzellente Wäiner a feine Kéisen an dat an enger gemittlecher Hierschtambiance am Hesper Chalet.

🎙️ D’Degustatioun gëtt animéiert vum Här André Mehlen, Directeur Général vun den Domaines Vinsmoselle. Hie wäert eis op eng Rees duerch de Musel-Dall huelen an gëtt eis e puer Ablécker an d’Produktioun vun eisen lokale Wäiner.

📅 Wéini: Freideg, den 24. Oktober 2025, um 19:00 Auer
📍 Wou: Am Chalet, Hesper Park
💶 Präis: 40 €/Persoun
(inklusiv 1 Glas Crémant, 5 Wäindegustatiounen, 5 verschidde Kéiszorten an hausgemaachte Desserten a Kaffi)

👉 Dir sidd häerzlech invitéiert, un dëser zweeter Editioun vun eisem Wäin- a Kéisowend deelzehuelen. Mir frëen eis op Iech 💙

📩 Umeldung per Mail un:
Marthy Bracke – brackepm@pt.lu