OFGESOT – Konferenz_ Iwwerlieft eis liberal Demokratie? Mam Charles Goerens & Anne Daems

Date

08 May 2025
Expired!

Time

18:30 - 21:00
Leider muss d’Konferenz op en aneren Datum verluecht ginn. Mir halen iech um Lafenden esoubal mir den neien Datum hunn. 
D’Sektioun Ettelbréck-Waarken invitéieren iech op eng Konferenz mam Europadeputéierte Charles Goerens.
An enger Zäit, wou politesch Extremer u Kraaft gewannen, Desinformatioun sech verbreet an d’Vertrauen an eis demokratesch Institutiounen erausgefuerdert gëtt, stelle mir eis d’Fro: Iwwerlieft eis liberal Demokratie?
Kommt op dës spannend Diskussioun mam Charles Goerens, Europadeputéierten, an dem Anne Daems. Mir analyséieren d’Geforen an d’Zukunftsperspektiven vun eiser Demokratie – an natierlech gëtt et och Geleeënheet fir Froen an Austausch.
Kommt laanscht an diskutéiert mat!