Firwat ass d’Gemeng Parc Housen net als regionalen Zenter an der Landesplanung klasséiert?

Obwuel d'Gemeng Parc Housen sech gutt entwéckelt huet an de leschte Joren, ass si net als CDA (centre de développement et d'attraction) régional an der Landesplanung ausgewisen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Grënn heifir wieren an ob geplangt wier dat ze änneren.

Virun zéng Joer hunn déi fréier Gemengen Housen, Konstem an Houschent fusionéiert. Déi nei Gemeng Parc Housen huet sech gutt entwéckelt an zielt mëttlerweil bal 4000 Awunner.

Leider huet de Programme directeur de l’aménagement du territoire net virgesinn, fir Housen als regionalen Zentrum auszeweisen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Landesplanung folgend Froe stellen:

  • Aus wat fir enge Grënn ass Housen net als regionalen Zentrum ausgewise ginn?
  • Misst d‘Gemeng Parc Housen dës Roll net awer an Zukunft erfëllen, zemol wann een hir strategesch Lag un der N7 am Éislek a Betruecht zitt?
  • Ass den Här Minister bereet, fir de Programme directeur an deem Sënn z‘iwwerschaffen?
  • Wa jo, bis wéini kéint dëst spéitstens geschitt sinn?

Äntwert

Wéi den honorabelen Deputéierten a senger Introduktioun schreift, huet sech d’Gemeng Parc Housen an de leschte Jore gutt entwéckelt, net eleng duerch d’Fusioun vun de fréiere Gemengen Housen, Konstem an Houschent. Virun allem den Haaptuert Housen huet vu senger Situatioun un der N7 profitéiert an huet mëttlerweil eng héich Zentralitéit fir bal 1 200 Awunner. Di aner 2 800 Awunner vun der Gemeng sinn op eng Dose kleng Dierfer verdeelt.

Landesplaneresch ass et wichteg, dat de Wuesstem sech innerhalb vun den Haaptlokalitéite konzentréiert fir esou eng “masse critique” ze schafen di et erlaabt de lokale Commerce, Zerwisser an Equipementer ze erhalen, respektiv ze entwéckelen. D’Konzentratioun vun der Entwécklung erméiglecht och eng besser Accessibilitéit mam ëffentlechen Transport respektiv eng zousätzlech Fërderung vun der  Mobilité active (ze Fouss, mam Vëlo,…). 

De System vun de CDA’e (Centre de développement et d’attraction) deen am neie PDAT (Programme directeur d’aménagement du territoire) proposéiert gëtt, baséiert sech op de  PDAT vun 2003. Den Ursprong vum Système vun de CDA’en fënnt ee schonn am PDAT vun 1978.

De PDAT gesäit 4 CDA’e fir de Norde vir – Wolz, Klierf, Veianen an d’Nordstad – di  solle weider gestäerkt ginn. D’Ausweisung vun engem zousätzleche CDA an dësem Deel vum Land  géif an dësem Sënn d’Positioun  vun de bestoende CDA’e schwächen. 

De neie PDAT gëtt sech als weidert  Zil  d’Buedemversigelung am ganze Land progressiv ze reduzéieren an de Wuesstem op di aktuell bestoend CDA’e an Haaptagglomeratiounen ze konzentréieren. Eng nei Planungskultur ass dofir noutwenneg – verstäerkt Multifunktionalitéit, Ëmplange vu schonns versigelte Flächen, asw. Dëst Zil ass am Aklang mat den  ambitiéise klimateschen, energeteschen an emweltschützlerechen Objektiver di d’Lëtzebuerger Regierung sech ginn huet.

An deem Sënn ass net ugeduecht der Gemeng Park Housen oder der Lokalitéit Housen am Kader vum neie Programme directeur d’aménagement du territoire de Statut vu regionalem Zentrum ze ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...