Firwat sinn an der Lescht méi dacks Zich op der Nordstreck ausgefall?

Well an der Lescht méi dacks Zich op der Nordstreck ausgefall sinn, besonnesch wärend de Stousszäiten, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.

Den Zuch IC 15305 vu 7.16 Auer vun Ettelbréck an d‘Stad ass an de leschten Deeg e puer mol hannereneen annuléiert ginn. De Frust bei deene Leit, déi op dësen Zuch ugewise sinn fir op d’Aarbecht, an d’Schoul oder soss e Rendez-vous ze fueren, ass verständlecherweis grouss.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Gëtt et aktuell infrastrukturell Problemer op der Linn 10 tëscht Ettelbréck a Lëtzebuerg? Hunn déi Problemer eppes mam Kautebaacher Tunnel deen aktuell zou ass ze dinn?
  • Huet d‘CFL de Minister driwwer informéiert ob et Problemer beim Materiel roulant gëtt? Wa jo, wat war genee d’Ursaach am präzise Fall vum IC 15305?“

Äntwert

De 19. an den 20. September 2022 ass effektiv d’Faart vum Zuch IC 15305 tëschent Ettelbréck an der Stad ausgefall. Dës Ausfäll waren awer weder op infrastrukturell Problemer am Zesummenhang mam Äerdrutsch am Tunnel Schieburg, nach op Problemer beim Material zeréckzeféieren.

De 19. September 2022 huet dësen Zuch missten aus betribleche Grënn suppriméiert ginn, dëst opgrond vun enger Barrièrestéierung zu Rolléng bei Miersch, déi den Zuchtrafic op der Linn 10 an an aus Richtung Lëtzebuerg erhiewlech gestéiert hat.

Gréisser Retarden a Suppressioune vun enger Rei vun Zich ware bedauerlecherweis d’Konsequenzen.

Den 20. September 2022, huet dësen Zuch misste suppriméiert ginn, wéinst enger kuerzfristeger Krankmeldung vum SNCB-Lokféierer, dee fir dësen Zuch ageplangt war. Duerch dee kuerzen Délai, war et der SNCB leider net méi méiglech fir ee Remplaçant fir dësen Zuch anzesetzen.

Zënter dem 21. September 2022 ass dësen Zuch awer all Dag gefuer.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...