D’Demokratesch Partei hat de Samschdeg, 7. Februar 2026 an de Centre Nicolas Braun op Hesper invitéiert, fir e ganze Moie laang mat senge Memberen iwwer d’Thema Logement ze diskutéieren.
A Präsenz vum DP-Logementsminister Claude Meisch, dem Kulturminister Eric Thill an dem Fraktiounspresident Gilles Baum gouf a klenge Gruppen iwwer Iddien a Léisungsproposen diskutéiert, fir der Politik vu muer zesummen de Stempel opzedrécken. D’Demokratesch Partei ënnerstëtzt déi politesch Entfalung an d’Participatioun vun der Basis, andeems reegelméisseg Geleeënheete geschaf ginn, fir sech auszetauschen.

