Gemengen

Gemengen

Gemengen : Hand an Hand mat de Biergerinnen a Bierger

D’DP ass decidéiert, fir d’Attraktivitéit vun de Gemengemandater ze verbesseren, fir kompetent an engagéiert Biergerinnen a Bierger fir déi Plazen ze fannen. An deem Sënn sollen de Congé politique an och déi finanziell Kaderbestëmmungen opgewäert an den heitegen Ufuerderungen un d’Komplexitéit an un den Zäitopwand ugepasst ginn.

Dono eréischt kënne mir mat den anere Parteien eng gemeinsam Decisioun huelen, déi e breede Konsens iwwer d’Reegelung vun den Duebelmandater brauch.

Doriwwer eraus setze mir eis kloer dofir an, fir de Statut vun engem élu local anzeféieren, fir de lokale Politiker eng aarbechts- a sozialrechtlech Protektioun ze bidden. Mir wëllen d’Rechter vun de gewielte Kommunalpolitiker stäerken an erweideren, fir hinnen eng absolut Ausübung vun hirem Mandat z’erlaben, ouni privat oder berufflech ënner Drock gesat ze ginn.

D’DP wëll d’Inkompatibilitéit mat engem Mandat als Gemengeconseiller ofschafen. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt engagéiert Leit, déi sech fir d’Stäerkung vun der Demokratie asetzen an der Allgemengheet dénge wëllen, keng onnéideg Barrièrë sollen an de Wee gestallt kréien. Mir appreciéieren hiren Engagement a wëllen, dass si hir Iddien an hiert Wëssen zum Wuel vun der Allgemengheet asetze kënnen. Eventuell Interessekonflikter géingen duerch den Artikel 20 vum Gemengegesetz gereegelt, deen befaange Gemengeconseillere vum bestëmmte Votten ausschléisst.

Als DP ënnerstëtze mir weider déi fräiwëlleg Fusioune vu Gemengen. Fusioune kënne just duerch d’Zoustëmmung vun de betraffene Bierger an engem Referendum validéiert ginn. Dobäi mussen d’Iddien, d’Uleies an d’Bedenke vun de Leit seriös berücksichtegt ginn. An deem Kontext fanne mir, datt déi finanziell staatlech Ënnerstëtzung fir Fusioune soll erhéijt ginn.

Doriwwer eraus fërdere mir eng verstäerkte regional an interkommunal Zesummenaarbecht, fir Synergien ze schafen, eng breet Pallett un Infrastrukturen a Servicer z’offréieren, an allgemeng d’Aufgaben an d’Erausfuerderungen zesummen unzegoen. Esou eng Kollaboratioun erméiglecht eng intelligent an nohalteg Verwendung vun ëffentleche Finanzmëttel.

D’DP wëll de Gemengen déi néideg finanziell Ressourcen zur Verfügung stellen, fir qualitativ héichwäerteg Servicer an Infrastrukturen z’offréieren, déi de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger an den Ziler vun der Landesplanung gerecht ginn. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, dat de Staat de Gemengen zousätzlech finanziell Mëttel muss accordéieren, fir déi ëmmer méi grouss Verflichtungen vis-à-vis vun der Populatioun z’erfëllen. Dofir wäerte mir de Stied, de méi groussen Gemengen an de Landgemengen méi e grousse finanzielle Spillraum accordéieren.

D’DP fënnt, datt d’Gemenge solle finanziell fir hiren Opwand beim Ausschaffe vum nationale Wunnregëster entschiedegt ginn an op d’mannst indirekt sollen un de Recettë vun der Leerstandssteier bedeelegt ginn. Niewent der reegelméisseger Mise-à-jour vun den Informatiounen, verlaangt de feelende cadastre vertical bei ville Gebaier en zousätzlechen Effort vun der Gemeng, wat zu engem substantiellen Zäitopwand féiert.

D’DP wëll, datt d’Finanze vun de Gemenge reegelméisseg duerch e Réviseur d’entreprise gepréift ginn. Et ass wichteg, datt d’Resultat muss transparent publizéiert ginn.

Als DP setze mir eis dofir an, datt den techneschen Déngscht vun de Gemengen als drëtte Pilier am neie Gemengegesetz ageschriwwe gëtt. Niewent dem Sekretariat an der Finanzverwaltung, spillt den techneschen Déngscht eng essentiell Roll bei der effikasser Verwaltung vun eise Gemengen. De Service technique huet déi lescht Joerzéngten immens u Bedeitung gewonn, well d’Aufgaben an domadder och d’Ufuerderungen un dee Service immens an d’Luucht gaange sinn. D’Verankerung vum techneschen Déngscht am Gemengegesetz soll dem Service senger Bedeitung a vollem Ëmfang gerecht ginn.

D’DP ass der Meenung, datt de legale Kader fir den Iwwergang vum Majorz- op de Proporzsystem eréischt ab 6.000 an net ab 3.000 Awunner, wéi bis elo, soll fixéiert ginn. Mat esou enger Upassung géif dat passiivt Walrecht substantiell gestäerkt ginn, well et schwéier ass, fir genuch Kandidate fir d’Gemengewalen ze fannen. An deem Kontext wëlle mir mam Syvicol no engem parteiiwwergräifende Konsens sichen.

Cf. Kapitel Institutiounen a Justiz

D’DP ass fir déi gesetzlech Verankerung vun enger obligatorescher Konsulatioun vum Syvicol bei alle Gesetzprojeten a Reglementer, déi d’Gemenge betreffen. Et ass wichteg, dass d’Interessien an d’Besoine vun de Gemenge berücksichtegt ginn. Duerch d’Abanne vum Syvicol, kënnen d’Gemengen hir Expertis an hir Perspektiven an de Prozess vun der Gesetzgebung afléisse loossen.

D’DP ënnerstëtzt d’Extensioun vun der Online-Plattform eMint op alleguerten d’Ministèren. Déi Plattform ass vum Inneministère entwéckelt ginn, fir d’Kommunikatioun an d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an de Ministèrë méi einfach ze maachen a fir administrativ Prozesser z’optimiséieren. Duerch eMint kënnen d’Virdeeler vun der Digitaliséierung genotzt ginn, z.B. fir eng transparent a liicht verständlech Transmissioun vun Informatiounen a fir eng acceleréiert Ëmsetzung vu kommunale Prozesser. Doduerch gëtt d’Zesummenaarbecht vun de Gemenge mat anere Verwaltungen däitlech méi einfach. Eist éischt Zil besteet doranner, fir an Zukunft all Prozesser just nach digital ofzewéckelen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Zanter dem leschte Joer kënnen d’Leit sech och baussent de Gemengen zivil bestueden. Fir de Biergerinnen a Bierger eng nach méi perséinlech Feier méiglech ze maachen, wëll d’DP d’Auswiel u méigleche Sitte fir déi zivil Hochzäite méi grouss maachen. D’Gemenge solle selwer decidéieren, ob just virgeschriwwe Plaze akzeptéiert ginn, oder ob d’Koppelen och Sitten à part vun übleche Plaze kënnen auswielen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp