Global Mindestbesteierung vun de Multinationalen

Déi global Mindeststéier vu 15% op de weltwäite Profitter vun internationale Grousskonzerner solle verschiddene Schätzungen dem Staat ab 2026 Milliarde vu Recetten abréngen. Eis Deputéiert André Bauler a Patrick Goldschmidt hu beim Finanzminister nogefrot ob hien dës Schätzung deelt.

„An der Zäitschrëft „Fonction publique“ gëtt vu gewerkschaftlecher Säit aus behaapt, datt de Staat vun 2026 un, tëscht fënnef a fofzéng Milliarden Euro zousätzlech pro Joer duerch déi nei 15%-Mindeststeier op de globale Profitter vun internationale Grousskonzerner géif kasséieren. Dëst hätten, wann een dem Auteur vun engem Artikel aus dem Périodique „Fonction publique“ Glawe schenke kann, déi „weltwäit kompetentst Fiskalexperten“ ausgerechent.

An deem Kader wollte mir dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  1. Gëtt et mëttlerweil Studien, mat Hëllef vun deenen ee viraussoe kann, wat den Impakt vun der Mindeststeier op eis Staatsfinanze wäert sinn?
  2. Wéi positionéiert sech den Här Finanzminister zu den Aussoen, déi an der Oktobernummer vun der Zäitschrëft „Fonction publique“ formuléiert goufen?“

Äntwert

Op OECD Niveau goufe virun e puer Joren global Studie gemaach, wou d‘Conclusiounen tëschent engem negativen Impakt bis zu engem positiven Impakt staark variéieren, déi doduerch wéineg nëtzlech fir esou Schätzungen sinn. Déi vum Untragsteller genannten Etüd ass do net méi hëllefräich. 

Wéint de ville Variabelen, déi och schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1137 ugefouert goufen, ass et weiderhin schwiereg eng valabel quantifizéiert Schätzung vum Impakt ze ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...