Hausse vun de Pëtrolspräisser: Kënnt den neien Index schonn dëst Joer ?

Nieft dem Diesel an dem Bensin, sinn och aner Rohstoffer iwwer déi leschte Méint däitlech méi deier ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister ënnert Anerem nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wat dat fir déi nächst Index-Tranche bedeit.

« Depuis plusieurs semaines, les prix pétroliers ne cessent d’augmenter à pas rapides si bien que d’aucuns anticipent une éventuelle reprise nette de l’inflation vers la fin de l’année en cours. 

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Économie :

  • Monsieur le Ministre peut-il dresser l’évolution des prix pétroliers par catégorie de carburant depuis janvier 2020 ?
  • Quelles sont les raisons ou facteurs les plus divers qui déterminent cette évolution depuis la fin de l’année dernière ?
  • Monsieur le Ministre est-il d’avis que cette évolution ne risque de favoriser des pressions inflationnistes étant donné que d’autres ressources naturelles, dont certains métaux, sont également en train de se renchérir sensiblement ? 
  • Quel en pourrait être l’impact sur l’évolution de l’index ? Une nouvelle tranche indiciaire serait-elle déjà attendue pour cette année ? »

Äntwert

Mam Ausbroch vun der Corona Kris sinn d’Pëtrolspräisser drastesch gefall. De 24. Abrëll 2020 louch de Präis fir de Liter 98er fir d’éischte Kéier säit 2009 nees ënnert 1 Euro. Ufanks 2021 sinn d’Pëtrolspräisser dunn awer nees staark a kontinuéierlech an d’Luucht gaangen.

Dës Hausse wär besonnesch op déi gréisser Demande u Pëtrol am Kader vun der weltwäiter wirtschaftlecher Relance zeréck ze féieren, esou déi zoustänneg Ministeren.

Am Géigesaz zum Äerdueleg, géif sech d’Präisentwécklung vun aneren Matière-Premièren nëmmen indirekt op de Konsument auswierken. De Previsiounen vum STATEC no, wäert déi nächst Index-Tranche net virun 2022 fälleg sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...