Schwätzt mat eis iwwer d’Lëtzebuerg vu muer

Op hirer Hierschtcampagne invitéiert d’DP iech op véier Owenter, op deene mir iwwer d’Erausfuerderunge fir eis Wirtschaft an eis Gesellschaft diskutéieren. Zënter 13 Joer schafft d’DP an der Regierung ganz konkret u Léisungen, fir eist Land ze moderniséieren.

Et ass elo Zäit, fir déi nächst Schrëtt virzebereeden. De Klimawandel, geopolitesch Onsécherheeten an nei Technologië suergen dofir, datt mir weiderdenken an haut d’Decisioune fir muer huele mussen. E wichtege Punkt dobäi ass d’Entwécklung vun eise Regiounen.

Dënschdeg, de 27. Oktober am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref

Och eis Wirtschaft muss sech op muer astellen. Eis Betriber brauche Plaz, fir sech z’entwéckelen, si brauche sécher a bezuelbar Energie an e gudde Kader fir Innovatioun. Wéi séchere mir d’Aarbechtsplazen a stäerken d’Kompetitivitéit? A wéi hëllefen eis déi nei Technologien dobäi? De wirtschaftleche Wandel soll nei Méiglechkeete fir eis Betriber an hir Mataarbechter bréngen an eise Wuelstand ofsécheren.

Hei klicken: Den Event op Facebook.

Dënschdeg, de 17. November am Kinepolis Belval zu Esch-Uelzecht

D’Entwécklung vun eiser Gesellschaft ass e weidere wichtege Punkt vun den Diskussiounen. Wéi ënnerstëtze mir d’Familljen, wéi preparéiere mir eis Kanner op d’Liewen, a wéi bekämpfe mir d’Aarmut? Eng praktesch orientéiert Schoul, an e Liewen, dat d’Famill an d’Aarbecht besser matenaner verknäppen, sinn hei eng wichteg Strategie. Dobäi kënnt d’Fro, wéi mir bezuelbar Wunnenge schafe kënnen, fir de Mënsche Stabilitéit an hirem Liewen ze bidden.

Hei klicken: Den Event op Facebook.

Méindeg, den 23. November am Ciné Utopia um Lampertsbierg

Lëtzebuerg brauch an Zukunft och modern Infrastrukturen an eng Mobilitéit, déi der Demande entspriechen. Gläichzäiteg verännert d’Digitaliséierung eisen Alldag. Wéi notze mir déi Méiglechkeeten a schützen eis Donnéeën? Wéi stäerke mir d’Cybersécherheet? Elauter Erausfuerderungen, bei deenen de Fortschrëtt an d’Sécherheet mussen Hand an Hand goen, fir datt d’Leit Vertrauen an déi nei Léisungen hunn.

Hei klicken: Den Event op Facebook.

Kommt a schwätzt mat eis iwwer déi Froen, déi eist Liewen an Zukunft bestëmmen. Är Erfarungen an Iddien hëllefen eis, d’Prioritéite fir déi nächst Joren ze setzen. Op deene Versammlungen interesséiert eis absënns, wat fir eng Froen iech besonnesch an ärer Regioun um Häerz leien. All Owend fänkt ëm 19 Auer un, mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch. Am Ciné Utopia gëtt zousätzlech eng Iwwersetzung op Englesch ugebueden.

Mir freeën eis op den Austausch!


Méindeg, den 19. Oktober am Ancien Cinéma zu Veianen

Wéi stäerke mir déi lokal Wirtschaft am Norden a schafe Perspektive fir de ländleche Raum? Dobäi geet et och ëm d’Roll vun eisem Patrimoine an ëm eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi eisen Alldag respektéiert. Mir wëllen doriwwer schwätzen, wéi mir dat Potenzial notzen an d’Liewensqualitéit verbessere kënnen.

Hei klicken: Den Event op Facebook.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...