Iwwerfëllte Busser op der Linn 136

Well d'Busser op der Linn 136 moies komplett iwwerfëllt sinn, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, ob net méi grouss Busser agesat kéinte ginn.

„D’Buslinn 136, déi vu Konstem iwwer Lëpschent, Méchela an Ierpeldeng/Sauer bis op Ettelbréck fiert, ass moies fréi aktuell sou ausgelaascht, dass de Bus komplett iwwerfëllt ass. Et sief ze präziséieren, dass am Moment just e Mini-Bus mat enger Kapazitéit vu 15 Sëtzplazen op där Linn agesat gëtt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Usagere ginn op der Linn 136 den Dag gezielt a wéi sinn se pro Duerf, dat ugefuer gëtt, verdeelt?
  • Ass et eventuell méiglech fir déi aktuell Kapazitéit vum (Mini-)Bus an de Moiesstonnen eropzesetzen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...