Ukrainesch Refugiéen

Kéinten an de fréieren Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar net Flüchtlingen ënnerbruecht ginn?

Aktuell steet de Gros vun den alen Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar-Bierg eidel. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob een net ukrainesch Flüchtlingen an dëse Wunnengen ënnerbrénge kéint.

Aktuell steet de Gros vun den alen Déngschtwunnenge vun der Police zu Colmar-Bierg eidel. Fir dëse Wunnengen eng nei Bestëmmung ze ginn ass dowéinst och am Moment e PAP an der Maach.

Bis dass dësen allerdéngs ofgeschloss ass, a vu déi aktuell Situatioun mam Krich an der Ukrain, kéinten dës Wunnengen och als Logement fir Flüchtlinge genotzt ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Wunnengsbauminister folgend Froe stellen:

  • Ginn et Pläng, fir an de genannte Wunnengen Flüchtlingen ënnerzebréngen?
  • Wa jo, kéinten déi Wunnengen direkt genotzt ginn oder missten nach Aarbechten duerchgefouert ginn?
  • Wou sinn d’Aarbechten um PAP drun?

Äntwert

Fir dëse Site ass bis elo just e Schéma directeur ausgeschafft ginn. Am Moment gëtt nach gepréift, wéi eng Aarbechten noutwenneg sinn, fir dës fréier Déngschtwunnengen iwwergangsweis fir d’Ënnerbréngung vu Flüchtlingen ze notzen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...