Kënschtlerresidenzen zu Lëtzebuerg

Am Bridderhaus zu Esch/Uelzecht ass de 16. Juni eng Kënschtlerresidenz ageweit ginn. Dat fréiert Spidol an der rue Léon Metz ass komplett renovéiert a restrukturéiert ginn a soll insgesamt 17 Kënschtler logéieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet an deem Kontext e puer generell Froen zu de Kënschtlerresidenzen am Land um d'Kulturministesch gestallt. 

Viru kuerzem ass am fréiere Bridderhaus zu Esch/Uelzecht eng Residenz fir Kënschtler ageweit ginn.

An deem Kader wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Residenze fir Artiste gëtt et de Moment am Land an a wat fir engen Uertschafte sinn si lokaliséiert?
  • Wéi vill Kapazitéit hunn dës Residenzen a wéi sinn si an de leschte Joren ausgelaascht gewiescht?
  • Wéi laang ginn dës Residenzen am Duerchschnëtt bewunnt an aus wat fir enge Länner kommen déi meescht Kënschtler?
  • Wéi vill sou Wunnenge gëtt et de Moment am Éislek a wéi sinn dës ausgelaascht? Ass et virgesinn, fir méi där Wunnengen am ländleche Raum ze schafen, z.B. an enger Uertschaft wéi Clierf, déi jo den Titel “Cité de l’image” dréit, oder zu Veianen, déi jo och reegelméisseg Ausstellunge mat international unerkannte Kënschtler organiséiert? Oder an enger aler Kulturstad wéi Iechternach?

Äntwert

A senger parlamentarescher Fro bezitt den Honorabelen Deputéierte sech op d’Residenz Bridderhaus zu Esch-Uelzecht, déi de 16. Juni 2022 ageweit gouf. Et handelt sech heibäi em eng Kënschtlerresidenz, an där d’Kënschtler souwuel wunne wéi och schaffe kënnen.

Woubäi dëse Ministère ronn 17 verschidde Strukturen, déi zu Lëtzebuerg Residenzprogrammer ubidde rezenséiert huet, offréieren déi mannsten d’Formule Logement plus Kreatiounsatelier, a gräife meeschtens op extern Logementsméiglechkeeten zréck. Hei wieren ënnert aneren z’ernimmen : d’Residenze vun der AAPL (Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg), Bâtiment4 vu frEsch asbl, d’Residenzen am DudeTownHouse an am Appartement Dominique Lang vum Centre culturel opderschmelz, d’Artist Resideny vum CNA, d’Struwwelpippi Kinder und Jugendbuchautorenresidenz zu Iechternach, d’Résidence d’auteur vum Théâtre national du Luxembourg, d’Residenze vun der Kulturfabrik, d’ILL Residenz vun Independent Little Lies, d’Residenze vum Kulturhuef, d’Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy an der Maison des Académiciens, de Residenzprogramm vum Trois C-L, oder nach d’Residenz fir d’Laureate vun der Biennale des étudiants en art et jeunes artistes vu ViArt asbl zu Veianen. De Kulturministère selwer hat am Kontext vun der Covid-19 Pandemie mat enger finanzieller Ënnerstëtzung fir den Accueil vun Artistes associés 18 Residenzprogrammer erméiglecht.

Vu datt d’Froe vum Honorabelen Deputéierte sech op Residenze mat Wunnenge bezéien, ergi sech folgend Äntwerten.

Et bestinn aktuell 6 Kënschtleresidenzen, déi souwuel Wunnengen, wéi och Kreatiounsraim beinhalten, zwou dovunner sinn eréischt am Laf vun 2022 entstanen an eng am Laf vun 2021. Vun dëse Residenze befanne sech der dräi an der Stad Lëtzebuerg (Casino Display Residenz, Canopée Résidence pour artistes an neimënster), eng zu Esch-Uelzecht (Bridderhaus), eng zu Iechternach (Trifolion – Maison Gothique) an eng zu Buerglënster (Résidence-mission vum Kulturministère). Zesummen hunn dës Kënschtlerresidenzen eng Kapazitéit vu ronn 50 Persounen.

An de leschte Joren huet den Occupatiounstaux staark variéiert, notamment wéinst der Covid-19 Pandemie. Fir 2022 läit den aktuellen Occupatiounstaux tëschent 0% (wéinst Renovéirungsaarbechten) an 100 %. Déi meeschte Kënschtler koumen aus Lëtzebuerg, suivéiert vu Frankräich an Däitschland.

D’Duerschnëttsdauer vun dëse Residenze variéiert jee no Struktur, a situéiert sech tëschent 11 Deeg fir di eng an 1-3 Méint fir di aner. D’Résidence-mission vum Kulturministère an den Annexe vum Buerglënster Schlass gëtt dem Artistekollektiv K+A fir dräi Joer zur Verfügung gestallt.

Woubäi eis am Éislek aktuell keng Kënschtlerresidenz, esou wéi se am Kontext vun dëser Ufro definéiert gëtt, bekannt ass, sou ass awer z.B. geplangt datt am Ermitage zu Klierf deemnächst Kënschtlerresidenze vu verschiddene Strukture kënnen ugebuede ginn. Och sief rappelléiert, datt et am ländleche Raum schonn Initiative ginn, déi zäitlech begrenzt Residenzprogrammer ëmsetzen, wéi z.B. déi uewe genannte Residenz fir d’Laureate vun der Biennale des étudiants en art et jeunes artistes zu Veianen, oder d’Kënschtlerresidenze vum Kulturhuef zu Gréivemaacher.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...