Klimapolitik weiderdenken

De Summer ass eriwwer, ma net d’Erënnerung un déi sëlleg Feier queesch duerch Europa; besonnesch am Süden, ma och am Naturschutzgebitt vum Héije Venn, wou deen ekologesch esou wäertvollen Torfbuedem gebrannt huet.

De wäermste Summer zanter d’Temperature gemooss ginn, huet eis op en Neits d’Auswierkunge vum Klimawiessel gewisen. Och wann et net direkt zu Lëtzebuerg gebrannt huet, ass den Damp aus der Neibelsch nawell iwwer eist Land gezunn. 

Déi lescht Méint hunn eis drun erënnert, wat d’Stonn geschloen huet. D’DP hëlt déi Erausfuerderungen op alle Fall ganz eescht. Eis Partei wëll d‘Regierungsaarbecht aus de leschten 13 Joer an deem Beräich konsequent weiderféieren an ausbauen. Viru sechs Joer huet Lëtzebuerg als éischt Land op der Welt de Bus, den Zuch an den Tram gratis gemaach. E wichtegen – och symboleschen – Schrack, deen eist Land weltwäit an d’Schlagzeile bruecht huet. Nation branding vum feinsten!

Mam nationalen Energie- a Klimaplang sinn iwwerdeems kloer an ambitiéis Ziler festgeluecht ginn. Dat sinn eemol, méi wéi hallef esou vill  Zäregasemissioune bis d’Joer 2030 am Verglach mat 2005. An zum aneren eng Klimaneutralitéit bis d’Joer 2050.

Mam Klimabonus Wunnen a Mobilitéit, a mat der Aarbecht vun der Klima-Agence hu mir dausende Leit an och Betriber beim Switch op erneierbar Energien an op eng méi klimafrëndlech Mobilitéit ënnerstëtzt. Nom automatesche Prefinanzement vu Photovoltaik-Anlagen trëtt vum nächste Joer un déi nämmlechte Virfinanzéierung bei de Wäermepompelen a Kraaft.

Ma, wéi gesot, am Summer hu mer alt erëm gesinn, datt mer op kee Fall an eisen Efforten noloossen dierfen, ganz am Géigendeel. Mir mussen de Klimaschutz acceleréieren, fir eist Land nach besser unzepassen a krisefest ze maachen.

Esou musse mir z.B . d’Geneemegungsprozedure fir Wand- a Sonnenenergie vereinfachen. Aner Ziler sinn den Ausbau vum ëffentlechen Transport a vun de Vëlosweeër. Ganz wichteg ass déi technologesch Innovatioun. D’Betriber mussen an hire gréngen Investitiounen ënnerstëtzt ginn. An der Klimapolitik mussen d’Politik an d’Ekonomie zesummeschaffen, fir virun ze kommen.

Op Gemengenniveau musse mir selbstverständlech méi Gréngfläche schafen a besser op eise Waasserverbrauch uecht dinn. Dat heescht mir brauche méi Beem, manner versigelte Buedem, méi propper Energie. Mir wëlle méi Plaze fir d’Biergerinnen an d’Bierger, wou si sech begéinen a sech erblose kënnen.

D’DP wäert alles dru setzen, fir an dësem Beräich Responsabilitéit a Fräiheet mateneen ze verknäppen. Op kee Fall dierfe mir eis just dorobber beschränken, fir ze reagéieren. Mir mussen aktiv sinn a Mesurë konkret ëmsetzen. Proaktiv, an net, wann d’Bier scho geschielt ass. D’DP wäert dat maachen, op hir pragmatesch Manéier, fir d’Leit a fir d’Wirtschaft.

(Tribune libre mam Deputéierte Luc Emering vum 5. Oktober 2026)

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News