Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch zesumme mam Professer Dr. Robin Samuel vun der UNI.lu de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Ënnert dem Titel Leben und Aufwachsen in Online- und Offline-Welten beliicht de Rapport d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

Déi digital Welt gehéiert zum Alldag vun de Jonken. 68,5 % vun hinne benotzen op d’mannst 20 Deeg am Mount déi sozial Medien, an 80 % sinn op d’mannst zwou Stonnen den Dag online. Dat huet natierlech en direkten Impakt op d’Schoul, d’Familljeliewen, d’Fräizäit an déi sozial Bezéiungen.

Fir d’DP ass kloer, datt d’Politik op esou Entwécklunge reagéiere muss. De Jugendbericht confirméiert, datt d’Mesurë vum Claude Meisch fir eng gesond Screen-Life-Balance an der Schoul richteg an noutwenneg sinn. D’Aschränkung vum Smartphone an déi geziilt Sensibiliséierunge sinn ee Puzzlestéck, fir Jonker besser am Ëmgang mat den digitale Medien ze begleeden an hir mental Gesondheet ze stäerken.

Gläichzäiteg weist de Rapport, datt och den direkte Kontakt nees méi gefërdert muss ginn. Nëmmen eng 13% vun deene Jonke gesinn hir Frënn op d’mannst 20 Deeg de Mount. Och de Bien-être ass zënter 2019 zeréckgaangen an d’Suergen hu kloer zougeholl. Déi gréissten Angscht ass déi virun engem Krich an Europa (80,6 %). Och d’Ëmweltverschmotzung (77,3 %) an de Klimawandel (74,5 %) maachen der Jugend grouss Suergen.

Genee do setzt eng fortschrëttlech Jugendpolitik un: Jonker brauchen net nëmme Reegelen, mee och Perspektiven, Vertrauen a konkret Méiglechkeeten, fir sech z’entfalen. Mat Initiative wéi Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen oder MoVe vum SNJ setzt d’Politik op Begleedung, Preventioun an eng staark Offer un Aktivitéite fir Jonker.

De Jugendbericht ass d’Basis fir den neie Jugendpakt – en nationalen Aktiounsplang – bis Enn 2026. Och Acteuren aus dem Jugendsecteur an aner concernéiert Instanze gi beim Ausschaffe mat agebonnen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...