Konkret Informatiounen zur finanzieller Ënnerstëtzung fir déi betraffe Gemengen am Kader vum Héichwaasser Mëtt Juli

Nom Héichwaasser Mëtt Juli gouf vun der Regierung eng finanziell Ënnerstëtzung vun 100 Millioune fir betraffe Stéit, Geschäfter a Gemengen zur Verfügung gestallt. D'DP Deputéiert Carole Hartmann huet an dem Kontext d'Inneministesch no konkreten Informatiounen zur finanzieller Ënnerstëtzung fir déi betraffe Gemenge gefrot.

„ D’Héichwaasser vum 14. a 15. Juli 2021, wat uechter ganzt d’Land grousse Materialschued verursaacht huet, gouf vum Regierungsrot als « catastrophe et calmité naturelle » deklaréiert, wat dozou gefouert huet, datt eng finanziell Ënnerstëtzung vun 100 Milliounen Euro fir déi betraffe Leit konnt zur Verfügung gestallt ginn. Dës Hëllef riicht sech u Stéit, Geschäfter an och un d’Gemengen. Di concernéiert Gemengen si gebiede bis den 31. Dezember 2021 hir Remboursement-Demande fir entstane Schied iwwer e Formulaire mat de néidege Justifikatiounen eranzeschécken.

An deem Kader wollt ech der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Gemengen hunn bis haut op Basis vun der ministerieller Circulaire n°4021 de « Formulaire Intempéries » erageschéckt?
  • Ginn d‘Demandë vun de Gemenge reegelméisseg bei néien Devisen ugepasst oder muss jeeweils e neien « Formulaire Intempéries » vun de Gemengen erageschéckt ginn?
  • Kann d’Madamm Minister scho soen, respektiv aschätzen, wéi héich insgesamt d’Schied sinn, déi op Gemengenniveau ze verzeechne sinn?
  • Kënnen iwwer de « Formulaire Intempéries » och Remboursementer vun de Käschte vu provisoresche Strukturen, déi sinistréiert Gemengeninfrastrukturen temporär ersetzen, gefrot ginn? Falls net, kënnen di concernéiert Gemengen op enger anerer Basis eng finanziell Ënnerstëtzung fir provisoresch Strukturen ufroen?
  • Gëtt et am Inneministère eng Kontaktpersoun, respektiv e Kontaktservice, dee vun de Gemengen, déi vun der Naturkatastroph getraff goufen, direkt kontaktéiert ka ginn?
  • Huet d’Madamm Minister konkret Informatiounen driwwer, wat fir een Undeel vun der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Regierung fir d’Gemenge reservéiert, spriech virgesinn ass? Wéi vill Prozent vun de Remboursement-Demande vun de Gemenge kënnen domat vun der Regierung iwwerholl ginn?
  • Kann d’Madamm Minister eis matdeelen, wéini a wéi vill schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gouf? “

Äntwert vun der Madamm Inneministesch, Taina Bofferding, op d’parlamentaresch Fro n°5252 vun der honorabeler Deputéiert Carole Hartmann zum Sujet “Remboursement pour les communes à l’aide du “Formulaire Intempéries”

Bis den 13. Dezember 2021 krut den Inneministère 15 Demandë vu Gemengen a Gemengesyndikater eran op Basis vun engem spezielle Formulaire, deen den Inneministère fir d’Deklaratioun vu Schied um Équipement collectif an den Gemengen erstallt huet.

Wann eng Gemeng oder e Syndikat eng Demande erageschéckt huet an d’Devisen nodréiglech ugepasst musse ginn, brauchen d’Gemeng oder de Syndikat keen neie Formulaire auszefëllen. Dës Adaptatioune maache mir op Basis vun den Informatiounen, déi d’Gemeng oder de Syndikat eis matgedeelt hunn.

Aktuell ass et nach net méiglech fir anzeschätzen, wéi héich d’Schied insgesamt sinn. Dem Inneministère ginn och nëmmen déi Schied gemellt, déi u Propriétéite vu Gemengen oder Syndikater entstane sinn an déi weder vun enger Assurancëgesellschaft, nach vun anere staatlechen Instanze rembourséiert ginn.

Iwwert de Formulaire “Intempéries” kënnen déi betraffe Gemengen a Syndikater all déi Schied deklaréieren, déi an hirer Propriétéit leien, ënner anerem och déi un de provisoreschen Infrastrukturen.

D’Demandë gi vun der Direktioun vun de Gemengefinanzen, an Zesummenaarbecht mat der Direktioun vun der ziviller Sécherheet, traitéiert. Als weider Kontaktméiglechkeet gouf d’E-Mail-Adress intemperies@mi.etat.lu speziell dofir ageriicht.

Am Staatsbudget ass fir d’Joer 2022 eng Enveloppe vu 5 Milliounen Euro virgesinn, fir d’Gemenge finanziell z’entschiedegen.

Déi éischt Remboursementer wäerten Ufank 2022 gemaach kënne ginn, wa bis déi éischt Dossiere komplett sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...