Landesplanung

Landesplanung
Eist Land nohalteg plangen

D’DP wäert mat enger kohärenter Landesplanung enger weiderer Landschaftszersiidlung zu Lëtzebuerg entgéintwierken. Déi véier sektoriell Pläng fir de Wunnengsbau, d’Landschaften, den Transport an d’Wirtschaftszonen sinn déi wichteg Steierelementer. D’Regierung huet de Stau an der Landesplanung vun der viregter Regierung opgeléist an d’sektoriell Pläng op den Instanzewee bruecht. D’DP wäert déi geplangte Projeten esou séier wéi méiglech ëmsetzen an d’Zäitpläng verkierzen. Mir wäerten dem Bau vu Contournementer d’Prioritéit ginn, well d’Verkéiersopkommes an de Wunnquartéieren der Liewensqualitéit vun de Bierger schuet.

 

Doriwwer eraus wäert d’DP een neien “Programme directeur d’aménagement du territoire” (PDAT) ausschaffen, deen déi grouss Linne vun der Landesplanung virgëtt.

„Zones franches“ déi Säit vun de Grenze schafen

Fir d’DP ass d’Groussregioun keen abstrakt Konzept, ma eng lieweg Realitéit. Och op ekonomeschem Niveau soll d’Kooperatioun mat den Nopere weiderentwéckelt ginn. D’DP wäert sech dofir fir „zones franches“ am Grenzgebitt asetzen. Bei eise franséischen Nopere kéint d’Implantatioun vu franséische Rechercheinstituter z.B. Synergië mam Fuerschungsstanduert vun Esch-Belval schafen. Et wier och méiglech, datt Lëtzebuerger Betriber Deeler vun hiren Aktivitéiten an dës Zon verlageren. Dofir muss awer e legale Statut ausgehandelt ginn. Éischt Gespréicher si schonn an deem Sënn mat Frankräich gefouert ginn. Esou e Projet wier eng Win-Win-Situatioun fir Lëtzebuerg a fir Frankräich. Lëtzebuerger Entreprise kéinten op zousätzlech Terrainen zeréckgräifen, wärend dat franséischt Grenzgebitt vun enger wirtschaftlecher Relance kéint profitéieren. D’DP wëll, datt de FEDER („Fonds européen de développement rural“) dëse grenziwwerschreidende Projet matfinanzéiert.

Gemengefusiounen nëmmen op fräiwëlleger Basis

Mat der DP an der Regierung gëtt et keng erzwonge Gemengefusiounen. Mir wäerten et ëmmer den Awunner iwwerloossen, ob si, a wa jo, mat wiem, wëlle fusionéieren. Mir wäerten och net op de Wee vun engem nationale Referendum iwwer Gemengefusioune goen. Dëst ass an eisen Aen ondemokratesch, well grouss Gemengen iwwer d’Lous vu klenge Gemenge géinge bestëmmen. D’DP wäert op zousätzlech finanziell Ureizer setzen, fir d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen ze fërderen an d’Fusiounsprojeten an d’Wee ze leeden.

Gemengenautonomie stäerken an de Gemenge méi finanziell Mëttel zougestoen

D’Gemenge spillen eng ëmmer méi grouss Roll, wann et ëm d’Liewensqualitéit vun de Bierger geet. D’DP wäert d’Kompetenze vun de Gemengen nei definéieren an hinne méi finanziell Mëttel zur Verfügung stellen, fir datt si hiren Déngscht um Bierger kënne verbesseren. D’DPgefouert Regierung huet déi séier noutwenneg Gemengefinanzreform op de Wee bruecht a fir eng méi gerecht Verdeelung vu de finanzielle Mëttel gesuergt. D’DP ass der Meenung, datt de Staat de Gemenge muss zousätzlech Suen zur Verfügung stellen, fir hir Verflichtunge géintiwwer de Bierger z’erfëllen. Mir wäerten dofir esouwuel den urbanen, ewéi och de ländleche Gemenge méi finanzielle Spillraum zougestoen. Ausserdeem soll och déi aktuell Subventiounspolitik fir kommunal Projete reforméiert ginn. Käschtenintensiv Infrastrukture sollen och net automatesch méi staatlech Hëllef kréien, mä d’Subventioune sollen éischter un d’Plus-value fir d’Bierger geknäppt ginn.