Méi Restauranten a manner Caféen a Baren ?

Dem Retail Report 2025 no, klëmmt d'Zuel vun de Restaurant, woubäi déi vun de Caféen a Baren erofgeet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet no Detailer iwwer d'Concessioune gefrot.

Fro

„ Aus dem neie Retail Report 2025 geet ervir, dass de „Leerstand“ iwwer déi lescht Joren erofgaangen ass an, dass verschidde Branchë vu Geschäfter zougeholl hunn. Am Horeca-Secteur gesäit een eng generell Croissance vun der Surface. Mee wärend d’Unzuel u Restaurante klëmmt, huet d’Unzuel u Caféen a Baren zanter 2019 ëm 9% ofgeholl. 

An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Concessioune fir Caféen a Bare sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn?
  • Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou ?
  • Wéi vill Concessioune fir Restaurante sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn?
  • Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou ?
  • Ginn et Ënnerscheeder bei Caféen a Restaurante fir esou eng Concessioun hors nombre ze kréien ?
  • Falls jo, wisou, a wat fir Ënnerscheeder sinn dat? “

Äntwert

  1. Wéi vill Concessioune fir Caféen a Bare sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn? Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou?
  2. Wéi vill Concessioune fir Restaurante sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn? Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou?

D‘Cabaretagegesetz vum 6. Juni 1989 betrëfft sougenannten « Ausschanken vun alkoholeschem Gedrénks » (débit de boissons alcooliques) a mécht an där Hisiicht keen Ënnerscheed tëscht Café, Bar oder Restaurant. Méi spezifesch viséiert den Artikel 6 vum virgenannte Gesetz, déi sougenannten „débits hors nombre“. 

Heidrënner ass d’Iwwersiicht fir déi gefrote Joren:

Eng Ufro gëtt “classé sans suite” wann z.B. den Antragsteller déi néideg Dokumenter/Informatiounen à l’appui vu senger Ufro net (all) präsentéiert, oder wann e matdeelt, dass e seng Ufro ofbrécht. Den eenzege Refus gouf mat enger Net-Konformitéit zum Cabaretagegesetz begrënnt.

  1. Ginn et Ënnerscheeder bei Caféen a Restaurante fir esou eng Concession hors nombre ze kréien ? Falls jo, wisou, a wat fir Ënnerscheeder sinn dat?

D’Cabaretagegesetz gesäit vir, dass de Finanzminister nei „débits hors nombre“ autoriséiere kann, wann d’Besoine vum Tourismus dat verlaangen oder an aussergewéinleche Fäll vun allgemengem Interessi.  An der Praxis gëtt bei Ufroe fir een „débit hors nombre“ gekuckt, ob niewent dem Interessi vum Demandeur och e gewëssent allgemengt Interessi besteet fir d‘Ausschank ëm deen et geet an/oder ob d‘Ausschank zur Entwécklung vum Tourismus bäidréit.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...