Question
„ Aus dem neie Retail Report 2025 geet ervir, dass de „Leerstand“ iwwer déi lescht Joren erofgaangen ass an, dass verschidde Branchë vu Geschäfter zougeholl hunn. Am Horeca-Secteur gesäit een eng generell Croissance vun der Surface. Mee wärend d’Unzuel u Restaurante klëmmt, huet d’Unzuel u Caféen a Baren zanter 2019 ëm 9% ofgeholl.
An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:
- Wéi vill Concessioune fir Caféen a Bare sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn?
- Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou ?
- Wéi vill Concessioune fir Restaurante sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn?
- Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou ?
- Ginn et Ënnerscheeder bei Caféen a Restaurante fir esou eng Concessioun hors nombre ze kréien ?
- Falls jo, wisou, a wat fir Ënnerscheeder sinn dat? “
Réponse
- Wéi vill Concessioune fir Caféen a Bare sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn? Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou?
- Wéi vill Concessioune fir Restaurante sinn hors nombre säit 2020 pro Joer ugefrot ginn? Wéi vill dovunner sinn accordéiert ginn? Wéi vill si refuséiert ginn a wisou?
D‘Cabaretagegesetz vum 6. Juni 1989 betrëfft sougenannten « Ausschanken vun alkoholeschem Gedrénks » (débit de boissons alcooliques) a mécht an där Hisiicht keen Ënnerscheed tëscht Café, Bar oder Restaurant. Méi spezifesch viséiert den Artikel 6 vum virgenannte Gesetz, déi sougenannten „débits hors nombre“.
Heidrënner ass d’Iwwersiicht fir déi gefrote Joren:

Eng Ufro gëtt “classé sans suite” wann z.B. den Antragsteller déi néideg Dokumenter/Informatiounen à l’appui vu senger Ufro net (all) präsentéiert, oder wann e matdeelt, dass e seng Ufro ofbrécht. Den eenzege Refus gouf mat enger Net-Konformitéit zum Cabaretagegesetz begrënnt.
- Ginn et Ënnerscheeder bei Caféen a Restaurante fir esou eng Concession hors nombre ze kréien ? Falls jo, wisou, a wat fir Ënnerscheeder sinn dat?
D’Cabaretagegesetz gesäit vir, dass de Finanzminister nei „débits hors nombre“ autoriséiere kann, wann d’Besoine vum Tourismus dat verlaangen oder an aussergewéinleche Fäll vun allgemengem Interessi. An der Praxis gëtt bei Ufroe fir een „débit hors nombre“ gekuckt, ob niewent dem Interessi vum Demandeur och e gewëssent allgemengt Interessi besteet fir d‘Ausschank ëm deen et geet an/oder ob d‘Ausschank zur Entwécklung vum Tourismus bäidréit.